Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» DRI - Dynamic Range Increase
 
DRI - Dynamic Range Increase
Waat ass een DRI?
DRI heescht naischt aanescht wéi Dynamic Range Increase. Matt deser Bildbeaarbeschtungstechnik kënnen mir den dynameschen Empfang, vun onserer Digitalkamera, verbesseren.

Jiidereen hued et bestëmmt schon erlierft; Eng flott Nuetsopnahm matt laanger Beliischtungszäit, klenger Blend dass d’Foto och gudd schaarf gëdd. Am Prinzip klappt daat och tiptop, et sief dann et hued een vill Liichtquellen um Bild. Dëss Lichtquellen sollten am Prinzip net esou laang beliicht gin wéi den Recht vum Bild. Oft gin esou Lichtquellen dann zu Liichtflecken, déien engem d’Opnahm verschwenden.

An dësem Beispill gesin mer eng normal Foto matt 4 Sekonnen beliicht an dono d’Foto no der DRI-Beaarbeschtung (um Endresultat gouf nierft dem DRI nach bessi dru geschaft – tilt/shift an gecropt).

24mm - f/7.1 - 4s - ISO 100

24mm - f/7.1 - 1, 4, 15, 30s - ISO 100


Wéi maan ech een DRI?
An den meechten Fäll (Exceptioun ennen kucken), fänken mer matt enger Beliichtungsreih un, woubai all Bild matt enger ënnerschiedlecher Zäit opgeholl gëdd. D’Brennwäit an firun allem d’Positioun vun der Kamera dierf nët geännert gin.

D’Beliichtungszaiten sollen esou gewielt sin, dass et fir all Beräich, sief et elo eng donkel Partie oder ee Liicht, eng Opnahm gëdd wou gudd beliicht ass. Et ass och ëmmer vun Virdeel 2-3 Opnahmen méi ze maachen, ugefaang bei enger iwerbeliichten Foto bis zu enger ganz ënnerbeliichteten Foto, wou een just nach d’Liichtquellen gesait.

Wéi féieren ech DRI-Beaarbeschtung duerch?
Elo lueden mer eis verschidden Biller an den Photoshop eran (wann se all am RAW gemeet si gin, mussen se natierlech als éischt an JPG emgewandelt gin). Opgepasst: Eréischt ab Photoshop CS kann een matt 16 Bit JPG Dateien schaffen, bei méi aalen Versiounen muss op 8 Bit zréck gewandelt gin.

Mir benotzen elo ons hëllsten Foto als Working File (WF). Dann kopéieren mer d’Foto (CTRL+A / CTRL+C) matt der drënner-leihender Beliichtungszäit (also déi 2. hellsten Foto) an eis WF (CTRL+V). Déi Foto kënne mer elo zoumaachen. Domadd gëdd een néien Layer an eiser WF erstallt. Dësst maachen mer elo fir all eis Fotoen. Hun mer elo z.B. 4 Fotoen gemeet, dann hun mer an eiser WF 4 Layeren (am Prinzip matt der hellster Foto als Background).

Elo Blenden mer all d’Layeren (bis op den Background) aus, andeems mit op d’Aan, lénks nierft dem Layer klicken.



Mir wielen elo eisen Background Layer un an selectionéieren ons Liichtquellen (Am Menu: Select > Color Range). An dësem Dialog wielen mer dann d'Hightlights aus.



Elo ass an éiser hellster Foto relativ villes an kommech selectionéiert. Fir dass mer eng uerdentlech an regelméisseg Selectioun kréien, mussen mer een Feather benotzen (Am Menu: Select > Feather -oder- ALT+CTRL+D). Den Feather Radius ass am Fong daat waat eng DRI-beaarbecht Foto ganz vill changéieren léisst. Oft muss een matt deene Werter spillen bis een op daat gewenchten Ziel kënnt.

Et gëdd awer eng generell Fauschtregel déi seed, dass daat läscht Bild (also daat donkelst) een Feather Radius vun < 10px soll hun an dass bei all Layer den Feather em 30% soll décrimentéiert soll gin.

Ech hun mer perséinlech folgend Tabelle opgesaat, wou ech vun 8px einfach emmer pro Foto 30% baigerechent hun (Unzuel vun Fotoen, Feather Radius):
2, 8px
3, 11px
4, 15px
5, 20px
6, 26px
7, 34px
8, 45px

Wëllen mer z.B. een DRI aus 4 Fotoen maachen, fänken mer matt engem Feather Radius vun 15px un, esou dass déi läscht Foto bei 8px läit.



Elo gesäit éis Selectioun schon ganz aanecht aus an mir klicken op den Layer iwert eisem Background (2. hellsten Foto). Dëss gëdd dann nees ageblend/ugewisen. Mir mussen eis Selectioun elo just nach matt dësem Layer maskéieren. Dofir klicken mir einfach op den 2. Icon vun Lénks an eiser Layer Fënster .

esou gesäit daat elo an der Layer Fënster aus


Dann wielen mer eis 2. hellseten Foto un (Operpasst: normalerweis ass d’Mask nach ugewielt), an mir maachen nees eng néi Selectioun op d’Highlights matt engem Feather (dëss kéier dann matt engem Radius vun 11px) an dann maskéieren mer déi Selectioun op d’Foto déi driwer läit (bis mer Uewen ukomm sin - d'Fotoen all duerch hun).



Elo kann een bei Bedarf nach een Adjustment Layer drun henken fir d’Levels ze verbesseren oder d’Curven ze korrigéieren (ass awer optional an een Thema fir sech).

D'Exceptioun: DRI matt enger Opnahm
Bei den meeschten Digital SLR-Kameraen kann een seng Fotoen als RAW Format oofspaicheren. Am RAW hun d’Fotoen oft schon méi een groussen Dynameschen Emfang wéi JPG Dateien. Oft gin fir den JPG just 8 Bit benotzt (also nëmmen 256 Hellëgkeetsstufen). Beim RAW gin awer 12 oder 16 Bit benotzt, waat schon een wesentlechen Ennerscheed mecht (>= 4096 Hellëgkeetsstufen). Domadd léisst sech dann och een DRI matt enger RAW Opnahm maachen. Ganz kuerz:
- Eng Opnahm am RAW Format maachen
- Matt enger geegeneter Software den RAW an een 16 Bit JPG emwandelen matt verschiddenen Hellëgkeeten (Brightness).
- DRI-Beaarbeschtung, wéi Uewen erklärt, uwenden

Dësst geed awer nëmmen, wann een manuell seng DRI-Beaarbechtung mecht. Den Photoshop gëdd, beim Versuch een HDR (High Dynamic Range) ze maachen, een Feeler zréck.

Tips
Ee Stativ ass wirklech schon Pflicht fir een DRI ze maachen. All Bild muss deckglaich matt deem aaneren sin; also Kamera dierf net beweegt gin. Wann een op Nummer secher goen wëll, benotzt een dann och nach een Fernauslöser (ganz wichteg beim Bulb). Bei enger SLR ass et och sënnvoll an den Astellungen d’Spiegelvorauslösung ze aktivéiert.

Allgemeng gëdd et schon méi schwéier esou Opnahmen ze maachen wann een beweegten Objeten hued (z.B. Leit, Fändelen, Autoen, ...). Daat léisst sech awer matt weiderer EBV (elektronecher Bildveraarbeschtung) an de Grëff kréien.

Ech hoffen dësen Tutorial hued Ierch bessi konnten weiderhëllefen, waar DRI-Beaarbechtung ugeed. Puer flott Resultater kënn dir Ierch an der DRI Galerie vun Photogen ukucken.

Vill Spass beim probéieren, a wann et net direkt klappt, net direkt d'Loscht verléieren :)
Geschriwwen vum MadSir 30.05.2006, ass säit deem 23051x gekuckt ginn.
TheGuitarist 30.05.2006 - 19:12
megacool: wollt schon ëmmer wësse, wéi een en DRI mécht; awer op ech dat hikréien??? probéieren dann demnächst mol...
dawnii 31.05.2006 - 08:30
Flott erklärt smile probeieren daat och eng Keier op dei doten Method. Hun et bis elo aanescht gemaach.

Et gin nämlech och gratis Tools, fir dei Leit dei sech net den Photoshop leeschten kenne (jo en as net geschenkt) an och net grad Pirateiert Kopien vun Photoshop an hei an do wellen installeieren. Do as zum Beispill een, deen heescht EasyHDR, an do as d'Out of the Box Resultat mat 3 Beliichtungen guer net schlecht. Ausserdem huet een och do schon e puer Astellungsmeiglechkeeten. Do gin wei gesoot 3 JPGen duer.

Ech probeieren deng Versioun hei och am Gimp eng Keier aus. Well daat as och nach een Programm deen een an desem Zusammenhang emmer nennen kann.
MadSir 31.05.2006 - 09:49
Do gin ech der Recht! Photoshop ass nët geschenkt. Op der Aarbecht hun mer en kaaf, an dofir benotzen ech en och héi. Doheem graifen ech a moment op Freeware zou, mee well mer den Photoshop awer och fir doheem eng kéier kaafen.

Gimp ass eng ganz gudd Alternative.

An dësem Beispill gin 3 Fotoen och duer, et kann een och een DRI matt 2 Fotoen maachen, muss een just kucken wéi d'Resultat dann gedd smile

Vill Spass beim ausprobéieren.
Maggele 31.05.2006 - 13:43

wann een der theorie nogeet, da mecht ee 4-5 fotoen. well dat as dee spektrum deen 't aa och faasst. ech machen se ni mat enger eenzeger RAW, léiwer mat enger beliichtungsrei. (et sollt een awer keng blenderei mache wéint der déifteschäerft. well awer DRIen meeschtens am WW sin as dat awer net esou well.

ech waarden op een "neien" DRI... am teleberäich, oder mat engem model oder iergend eppes neies. déi DRIen hei sin der soulues genuch um site.

tutorial as giff ech soen gudd ....
MadSir 31.05.2006 - 15:45
Jo gin der Recht. 4-5 Fotoen ass gudd, an daat matt der Blend stëmmt och. An wéis de genau soss, gin déi meecht DRI'n vun Nuetsopnahmen am WW gemeet.

Kéint een wierklech mol eng kéier iwerleen fir DRI am Tele oder sou ze maachen, mee a moment hun ech eng aaner Top Idee am Kapp waat awer elo naischt matt DRI ze din hued ... brauch dofir awer 3-5 Blëtzer smile
Kwitchibo 01.09.2006 - 20:00
aha mmmh...mmhh.. mol bessi mei clever gin mmhh..awer net secher op ech daat elo ganz gecheckt hun mus ech mol probeiren...
Johny 04.10.2006 - 15:59
Lol: tilt/shit an gecropt .. do feelt en f closed_eye (wollt mer daat ganzt lo grad och eng Kéier ukucken ... smile)
MadSir 04.10.2006 - 18:00
Epla closed_eye Hun et awer elo geännert, merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 369 Gäscht online