Erstelleng vun engem Polaroid-Cadre | |
Du sichs fir déng digital Photoen no engem kultegen cadre aus den "aalen" Zaiten? Awer kee Plang wat genau's du sichs? POLAROID-Look Name Eigenmarke - liicht gemaach. wichteg! "Schaffen mat Hëllefslinien" zur Verständlechkeet vun desem Tutorial noutwänneg! Vu que dass ech an desem Tutorial net méi weider wärt an den Détail goen wat d'Uleeen vun Hëllefslinien ugeet recommandéieren ech iech dréngend als éischt "Schaffen mat Hëllefslinien" duerchzeliesen oder Kenntnisser am Schaffen mat Hëllefslinien ze hun. merci [step 1:] Als éischt fänken mir mol e neit Bild un: Breet: 300 pixel * Héicht: 300 pixel an gin em zB. den Numm: "Polaroid_cadrage" [step 2:] Als nächst leeen mir e puer Hëllefslinien un déi ais herno wärten hëllefen d'Rumm vum Polaroid-Bild präzis an d'Mett ze kréien: 9x Hëllefslinien: (Grondcadrage) * 10 pixel vertikal * 290 pixel vertikal * 10 pixel horizontal * 290 pixel horizontal * 230 pixel horizontal (Photocadrage) * 15 pixel vertikal * 285 pixel vertikal * 15 pixel horizontal * 225 pixel horizontal [step 3:] Elo graifen mir zum Auswahlrechteck-Werkzeug an zéihen vum lénksen Eck uewen bis zum rietsen Eck ennen een Rechteck, dest gett elo zu enger Masque - fir des elo ze solidifiéieren fellen mir den Inhalt unhand vum "Füllwerkzeug", wielen d'Faarw "waiss" an maachen e Lénksklick an d'Masque. [step 4:] Fir et elo net esou langweileg ausgesin ze lossen mir ais kreativitéit e bessi spillen an "veronrengegen" den cadrage e bessi: Dofir graifen mir einfach nom "Pinsel-Werkzeug", wielen an der Faarwenpalette e Pinsel (trockener Pinsel zB.) an eng hellgro Faarw eraus, setzen "Deckkraft" op +/- 50 souwéi och den "Fluss" op +/- 10. Als éischt veronrengegen mir d'Kanten vun aisem Cadre, vun all Sait e bessi an un den Ecker e bessi méi staark. Wat et méi onreegelméisseg veronrengegt as wat et herno besser ausgesait [step 5:] Duerno "beschmuddelen" mir nach e bessen den ënneschten Rechteck, also den Espace fir d'Bëschrëftung herno. Plaatzeweis e bessi méi, plaatzeweis e bessi manner. [step 6:] Elo këmmeren mir ais nach em den Plastegkeets-Effekt vun der Photo unhand vun den "Fülloptionen" vun der "Ebene 1" - Fir eisen Cadre brauchen mir "Schlagschatten" (Alles op standard) wéi och "Kontur": Gréisst: 1 pixel, Faarw: Donkelgro Souwait wier eisen Cadre faerdeg ... [step 7:] Elo fehlt just nach e Bild fir an d'Mëtt vun eisem Cadre, hächstwahrscheinlech mussen mir d'Bild nach e bessi trimmen oder mir wëllen nemmen een gewëssenen Aussschnëtt vum gewënschten Bild gesin. Wann dir d'Optioun vun den Hëllefslinien "Ausrichten" aktivéiert hudd waert dir mierken dass dat agefügtent Bild sech automatesch un den Bord vun eisem bannëschten Rechteck "pecht". Dir braucht et also just nach an déi passend Form ze zéihen an dann mat Hëllef vun den Bild- "Fülloptionen" -> "Schein nach innen", Faarw: Schwaarz, Füllmethode: normal een Schied nobannen ze projezéieren. [step 8:] Fehlt just nach eng kléng Beschrëftung... An faerdeg as aisen Polaroid-Cadre. Nach vill Spaass beim Photobeaarbechten - linden philippe alias guardian |