Michèle, méi Bäileed, mer kennen eis jo gutt genuch dat ech dëst hei däerf schreiwen ouni datt et falsch opgeholl gëtt.
Ech verstinn ganz dat bei verschidden visuellen Momenter ewéi mat dësem Bild hei, esou eppes leider erëm héichkennt.
Bleiwe mer awer Sachlech a kucke mer d'Bild, dorëms geet et jo, vum Fränk, dat ass richteg flott.
Och ech si Motosfuerer, du wees et, an hat och schonns e schwéieren Accident wou ech iwwert e Koup gerannt gi sinn, ( et war net meng Schold an ech sinn, wann et dëck kënnt, fléicht mat 50kmh gefuer, dat awer nëmme niewebäi). Trotz Allem, ech soe nach emol dat déi Saach mat denger Schwëster mer immens leed deet, mussen d'Léit hei awer nach e Bild (vun engem Auto, Trakter, Bus, Leeder,Stull oder eng Biër) kennen weisen ouni mussen ze fäerten iergendeen ze blesséieren.
An dem Sënn Michèle , (ech kennen de Fränk an och Dëch) war de Kommentar ënnert sengem Bild schlecht gewielt, wëlls du domadder deenejéinegen wann och onbewosst, blesséierts wëll en einfach nëmmen e flott Bild wollt weisen.
Salut mischii,
Also ech kennen Dech nöt perseinlech ann Zora genau esou gudd/fill.
Domm iwwert Dain Kommentar ze schreiwen ass nöt main Dengen (froen mech allerdengs firwat daats Du daat unhells) Haat maat däer Saach Frigo/Morgue guer naischt ze dinn..... Bon
Zu Dengem Kommentar:
Den Daniel (op der Ninja) ass enn Verantwortungsvollen ann serieuxen Biker deen bestemmt net "einfach een Meedchen" iwwerreent. Ett sinn schonn Leid vumm Bus, Tram oder esouguer vum Velo iwwerannt ginn.
Kanns eis roueg Deng Saachen hei bei Foto schreiwen, dann awer och w.e.g. een Kommentar iwwert Foto unsech. Well dei Saach Zora/Facebook geet mech naischt unn ann interesseiert mech nöt !!!!
Ann deem Senn, mischii:
Wei fennst Du dann meng Foto: Zb.: kannst Du schreiwen, den m-m huet Senseoflecken ennen lenks op der Foto, Moto ass verwackelt etc....
ok m-m,
Deng Foto ass ganz flott, an d'Spiggelung an der Visière ass den i-Tëpelchen,
@Edy, jo Du hues Recht et sin déi visuuell Momenter, wou dann alles rëm héich kënnt, en ech einfach explodéiren, loose mer dann roueg un d'victimes de la route denken, an alle Biker bonne chance wënschen
iergend esou e Bëlles kee Führerschäin a gesoff, huet virun 15, Joer e gudde Frënn, dee mam Moto ennerwée wa, iwwert de Koup gerannt ... de Jong huet et net iwwerlieft.
Dat bréngt néicht sech duerno iwwert eng Situatioun opzereegen, bei all Accident gëtt et Victimen a vill Misère ... ech verstinn awer ganz gutt wann een an der Situatioun war guer net méi gutt op eppes ze spriechen ass.
Mä du hues Recht, komm mer schwätzen hei Photo