...ouni Schutzbrëll..? dat doten as e Fall fir d'inspection du travail....
..ech hu mech seinerzeit geploot wéi een Iesel, a krut net eng eenzeg anstänneg Duebelbeliichtung zustanen.. ..hun mat sou engem plastiks Cokin-Filter hantéiert..
..an hei, keen Usatz wou d'Bild getrennt ass, etc. etc... ganz sauber geschafft, ..herrlech Tounwerter, an en plus d'Gesamtbild souwiesou.. Respekt..!!
ech hun elo graad gesin dass de nach eng Nikon F2 hues... un der Kamera kann ët dann nët geléen hun dass deng Duebelbeliichtungen nët esou geklappt hun...
..eng Ketten ass bekanntlech ëmmer nemmen esou staark wéi hiirt schwächste Glidd, an an dësem Fall war daat secherlech net F2
d'Ofhängechkeet vun der Blend a Relatioun mat der Brennwait huet nat. och eng grouss Roll gespillt fir keen Iwergang ze gesinn, an ech hun seinerzeit alles op Kodachrome 64 photographéiert, an ier déi dann entweckelt vun Lausanne zreck koumen haat ech meeschtengs meng Notizen vun den Astellungen vetësselt oder verluer, an esou war dann keng direkt Widerhuelung mat evtl. Korrektur méigeleg...
mais bon......
... wéis de sées... mais bon... c'est passé. Wann ech mech richteg errënneren huet Cokin demols bei Brennwäit 50mm (bezunn op Klengbild) Blend 5,6 bis 8 recommandéiert...
... ech hun demols och mat dem plastiks Cokin Dingsbums hantéiert a schnell festgestallt dass e puer elementar Bedingungen mussen erfëllt sin fiir eng uerdentlech Duebelbeliichtung ronn ze kréien:
- stabilt Stativ,
- beim wiësselen vun der Cokinsmask vun enger Säit op déi aaner d'Kamera absolut nët verrëckelen,
- daat selwescht gëlt och beim Verschlussspaanen a genee do läit nach éen aanere Knackpunkt: Et ass nach laang nët bei all Kamera méiglech de Verschluss ze spaanen, ouni dass de Film och ke Brochdeel vun engem Millimeter bougéiert. Bei mengen Pentax K2, ME an MX huet daat (baal) nie geklappt, bei der LX ëmmer, mais déi huet och grad esou vill kascht wéi d'K2, d'ME an d'MX zesummen. D'LX war demols den Topmodell vu Pentax a vergläichbar mat der Canon F1, respektiv Nikon F3.
Hei nach eng Duebelbeliichtung aus der Zäit... Analog Doppelgänger