Ech weess jo lo nit, wéi wäit datt déng kreativ Gedanke gaange si, wéi's du di heite Foto gemaach hues, mais ech denken awer schon, datt et net just de Reebou war, deen déch inspiréiert huet. Well di Farwen aus dem Reebou fanne séch jo och soss als eenzel Farfakzenter an dénger Foto rëm, wéi dee roude Giewel, di orange Kabinn um Kran, di 2 giel Tiirmercher, dat gringt Gerüst vum Kran, dee bloen Himmel uewe lénks an dat mof-grot vun de Façade vun den Halen. Suguer schwarz a wäiss kommen an der Foto vir, als Additioun a Substraktioun vun de Reeboufarwen. Fir méch ass dat heiten grousse Kino.
Daat war mir mol net opgefall dass all Reeboufaarwen och soss nach am Bild present sinn. Daat ass wann een ze no drun ass, fir mech waar et den Reebou als Verlängerung vum Kraan daat ech wollt weisen