et war d'Idee mat eben e puer Luuten eppes ze fotographeiren, e bessi ze probeieren. Well ech zu Waldbelleg war koum den Tümpel grad gelee'en. Ganz am Senn vun Jugend forscht.
Fazit ass, eventuel nach mei eng staark Luut zoulee'en (an desem Fall fier hannert der Breck richtung Himmel) an dass ech mier d'Theorie des Ombres nach emol duerch den Kapp goen loossen ier ech ufenken. Well do haat ech op verschiddenen Photoen duebel Schiet...
Ech färte, wann do nach méi Luuchte sin, da gëtt et hell, wéi am Daag. Vläicht éischter dénger aanerer Iddi nogoen, manner a méi gezielt d'Spots plazéieren. Awer fir een éischte Versuch ass dat schon an der Rei sou. Ech fannen et grad flott, datt een de Bësch hannert der Bréck net gesäit, sou wéi wann di Szen do ënner fräiem Himmel wier. Sou ass déi allenenne bekannten Szen hei op eemol ganz nei an ongewinnt.
an sech hun ech schon probeiert en e bessi aanescht ze weisen, sou ass neicht vun der Strooss ze gesin (eventuel ganz nach hannert der Breck) op jiddferfall ass am Original nach en Bus ze gesinn deen mier duerch d'Opnahm geprescht ass. Hannert der Breck wollt ech eben just, dass d'Beem e bessi beliicht gin, domad e puer Vertikalen am Hannergrond entstin. Huelen deng Idee'en awer gären mat.