Deng Interpretatioun mam Verglach mat gliddeger Lava trëfft et nawell ganz gutt, ech hun dat bis dato emol net esou gesinn.
Merci Nico, mech freet et dat d'Bild dech usprécht.
Ganz flott. Mat den wiederhuelenden hell-donkel Kontraster an den verschiddenen Strukturen eng ganz erfreschend Foto.
Et kritt een och net ausgemaacht wou's du do suutz, iergendwou ennert der Ärd, oder hannert engem Fiels ... ?
Jo, gutt erkannt, d'Opnahm ass mat engem liichten Télé hannert enger Fielsformatioun aus gemach gin, a vis-à-vis war eng Wand aus Sandsteen déi mat Mascht duerchsaat war. Leider ass vun dëser intressanter Plaz nom leschten Héichwaasser net méi vill iwwreg bliwwen
Merci tormi fir deng Appreciatioun.
Et bleiwt neicht wei et ass, daat wossten d'Réimer schon ... an meng Stuff kann do seit leschtem Juli och matschwetzen mä bon, no enger Deift geet et nees Bierg op
Di fantastesch Grotéin gi mir ëmmer e Rätsel op wéis du daat esou schéin hikriss. Dem Nico säi Verglach mat der gilddeger Lava pass wéi d'Fauscht op d'Ae
D'Saach mat de Grotéin as kee Secret, ech hu leedeglech PS a machen do praktesch alles am Camera Raw nom digitalen Zonensystem, méi brauch ech net.
Merci Georges fir däi Kommentar an Appreciatioun.