Do ass irgendeppes an der Foto, wat se surreal erschinge léisst. An zwar déi Stralen, déi aus de Wolléke falen. Engersäits ass di Foto do jo manifestement an der bloer Stonn gemaach gin. Zweetens ass dofir den Himmel zimmléch hell, wéi wann et awer schon Daag gewiescht wier. Drëttens gesäit et aus, wéi wann d'Sonn do scho relativ héich stéing, soss géifen di Stralen net quasi senkrecht "gefall" kommen. A last but not least, kuckt een do a Richtung Nordosten. An ech denken, egal wéi ee séch uleet, den 20. November moies um halwer 8 steet do keng Sonn. Soit!
Wann dat wirkléch sou war, ouni Manipulatioun vun dir, dann has du Chance. Wanns du awer elo een Himmel do dra gepasted hues, dann ass d'Superchérie perfekt.
Egal wéi, mir gefällt di Foto do genial gutt, grad well do sou ee "stralenden" Himmel ass. An de Kontrast vum gëldeg wierkende Beige-giel par rapprt zum bloen Himmel gëtt deem Bild eng feierléch Stëmmung. Ganz gutt!
Wéi gewinnt, Nico, get et bei dengen Kommentären oft am Ufang eng Negatioun wous de dann op sougenannte Onzoulänglechkeeten hiiweis an dann ebeemol zum Schluss ass d'Foto ganz gut.
Dat ass schon och surreal. Dein Kommentär kéint vum Kafka sin.
Wat d'Manipulatioun betrefft : All Foto kent manipuléiert aus der Kamera eraus, mool méi, mol manner.
Datt méng Kommentarer ganz oft mat eppes Negatives ufänken an dann dat Positivt erfirsträichen ass bestëmmt « déformation professionnelle »%u2026 Dat ass di nei Pädagogie, déi net mi sanctionnéiere soll.
Mais lo am Eescht: méng Kommentarer spigelen dat rëm, wat ech denken: an effektiv ass et hei sou, datt ech zwar déi « Onzoulängléchkeeten », déi enstin, dodurch, datt hei een Himmel agepasst gin ass, deen am Bezuch zur Geogrfie vun der Plaz « net passt », erfirhiewen, mais datt dat awer net negativ ass. Ech fannen et suguer gutt, datt di Wolléken do Stralen duerchloossen. (Dat sot ech jo schon uewen).
An d%u2019Analogie zum Kafka mécht mir richteg Freed. Ech hun deen Auteur gären a virun allem sin ech meeschtens grad sou « Désabuséiert » wéi hien.
En schéin déitailléiert Analyse, merci. Den Himmel as effektiv angesaat, well den originalen mir ze langweileg waar. Ech hun probéiert den Himmel esou natiirlech an d'Bild ze kréien wéi daat hei meíglech war, mäis du hues d'Manipulatioun direkt erkannt, an gudd Detektivaarbecht geleescht. Ech sinn emmer frou esou détailéiert Kommentaren ze liesen.