Du brauchs net hannendrun ze soen, datt et déng Meenung ass. Ech sin och sou mat dénger Bemierkung d%u2019accord.
Mais fir et mol op de Punkt ze brénegn an eng Diskussioun lasszetrëpelen: Wéini ass eng Foto derwärt, datt se op Photogen duerf gewise gin a wéini net? Wat sin d%u2019Kritären, déi aus enger Souvenirsfoto, wéi di heiten, eng künstleresch wertvoll Foto maachent, déi den Ambitioune vu PG gerecht gëtt? Duerf eng Foto nëmmen op PG gewise gi, wa se besonnesch ass? A wat heescht « besonnesch » an déngen Aaen? Well wann een dat Wuert wiertléch hëlt, dann heescht dat jo eppes Aussergewéinléches, net Alldeegléches. An da si mir séier färdeg, well wat fir ee Sujet gëtt et, deen nach ni fotograféiert gi wier? (Ok, ech hu mir d%u2019Äntwert selwer gin: Di Vue aus dem Schëff hei um Hallefnuecht, wou et net däischter ass, hun honnertdausenden Touristen och gemaach%u2026 )
Erlab mir awer just eng keng Bemierkung: Fir di meeschte Fotoenm déi hei gewise gin dierft wuel de Fait, datt et fir de Fotograf eng schéin Erënnerung ass, zoutreffen.
Awer elo net béis sin iwwert méch: Ech deelen déng Menung a wann ech éierléch sin, da weess ech och net méi, firwat ech di Foto hei haut hei ropgelueden hun. Gutt, datt et Leit wi déch he gëtt, di méch vun Zäit zu Zäit rëselen.
Also...Du hues et mat dengem Commentaire wirklech schons zimlech "op den Punkt" bruecht.
Ech sin jo schons laang hei um Site an ech kucken baal all Daag déi Photoen déi hei eropgelueden gin. Ganz am Ufank vun Photogen wor et esou, dass nemmen Photoen online goungen, déi vun engem Gremium vun kompetenten Leit als "aussergewéinlech" -waat och emmer daat heescht, do sinn ech ganz d'accord mat dir- agestuft goufen.
Am Laf vun der Zait huet sech daat geännert, an jiddfereen konnt eroplueden waat en wollt (Du wees waat ech mengen).
Ech hun all deng Photoen gekuckt, déis Du bis elo gewisen hues, an do
sinn menger Meenung no 99,9 Prozent dervun derwärt fir hei gewisen ze gin. Dofier wor ech deen Moment wou ech déi 2 vun dir, déi ech kritiséiert hun e wéineg enttäuscht, dass Du se erogelueden hues obschons Du wéis Du schreiws selwer net ganz iwerzeegt wors.
Et wor net méi an net manner, an ech mossen mir och net un hei als "juge" ze fungéiren. Ech hun den Commentaire effektiv e bessen am Affekt geschriwen, well ech un déi fréier Zaiten zereckgeduecht hun.
Also naischt fir ongutt, et ass eben elo sou hei um Site wéi et ass, an daat ass och keen Reproche un d'Administrateuren, well ech wees wéivill Zait déi hei investéiren.
Ech hoffen Du verstees wéi ech et gemengt hun.
@ gunman: Ech si jo net béis mat dir. Wou hun ech dat gesot?
Nee, komm! Eet dat hei lo ausart. Dat ass schon an der Rei sou, a wanns du scho vun Erënnerunge vu fréier schwätz, da weess du jo awer, datt et do kilometerlaang Diskussioune gi sin, datt déi deemolech Administrateuren verzweifelt sin.
@ Paul: Ech hun dee Forum ni gebraucht. Dofir hun ech nach guer net matkritt, datt do Spammer an Trollen hiert Onwiesen dreiwen.
Ech kucke mer bei verschiddene Kommentairen och emol d'Fotoen aus der Galerie vum 'commentateur' un an hun dann direkt en anert Verständnis zum jeweilege Kommentar, egal wéi lang deen dann hei dobäi ass.
Et hätt mech net gewonnert wann daat do elo net kom wier..
Ech kucken deng Photoen och emmer, an et sinn der och derbei, nu jo, ech soen leiiwer neischt.
Du h?tts dir den Commentaire spuren kennen, well et goung jo net em dech.