Kommentar vum Fotograf:
Op der Plage du Dossen e puer Kilometer westléch vu Roscoff ass eng Surfschoul an och eng Schoul fir Strandbuggies mat Segel. Wann do Ebbe ass, da geet d'Waasser méi wi een halwe kilometer zréck an dann huet ee masseg Plaz, fir ëmweltfrëndléche Rennsport. Deen eenzegen CO2 Ausstouss kënnt vun de Leit, déi op deenen Festlandsegelbooter fueren. An déi, di hei ënnerwee waren, waren nach net ganz aal.
Analogfoto mat der Pentax 67 op Kodak Portra 400