Eng Landschaft wéi ee Filmdecor! An di LBZ ass hei ee Must! Mais besonnesch gudd gefällt mir rechts am Bild dee "Pan de lumière jaune" (fir déi, di irgendwann eng Kéier dem Proust séng "A la recherche du Temps perdu" gesträift hun - ech soen net gelies, well och ech et schon x Mol ugefaangen hun, awer nach ni bis zum "Temps retrouvé" komm sin...) - wësse, wat ech mengen... Fir di aaner: Am Deelroman "La Prisonnière" erzielt de Proust den Doud vum Moler Bergotte, dee beim Ubléck vun engem giele Stéck Mauer oder Daach, wat de Vermeer a séngem berühmte Bild "Gezicht op Delft" gemolt huet an domadder eng fantastesch Illustratioun vun der Luucht geschafen huet, schwaach fällt a stierft. Sou wäit gi mir lo hei net, awer ech wëll mat deem Verglach einfach soen, datt di Flaatsche Luucht um Mooss an hannen um rechtse Waasserfall dem Bild hei dee perfekte Relief gin. Vun der Diagonalitéit an der Regel vum Gëllene Schnëtt guer net ze schwätzen, déi hei neess richteg gudd applizéiert sin.
Jo, d'Liicht war intressant an ech hat Chance. Wéinst dem renge Waasserniewel war alles innerhalb vu Sekonnen plätschnaass, an esou hat ech d'Kamera permanent am Rucksaak, hu se eréischt am leschte Moment ausgepaakt an esou och leider e puer gutt Geléenheeten verpasst.
Merci Georges fir deng Appreciatioun, an et freet mech natierlech och dat d'Bild dir gefällt.