Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Stross fir an den Eecher Bierg

Stross fir an den Eecher Bierg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.08.2020
  • Gekuckt:
    28781
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/18
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    801x1200
  • Späicherplaz:
    471 KB
  • Originaldatum:
    2019:12:19 11:17:17
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90765]
Kommentar vum Fotograf:
Reload vun D'Stross an den Eecher Bierg


Fir de pixelman10.

marker 17.08.2020 - 15:13
Bedeitend besser Nico, net nëmmen d'Schärft, och d'Tounwärter etc. sin ëm Längten besser.
Biller vun engem héichopléisende Sensor mat engem Layer mat Rauschen z'iwwerlageren mecht a mengen Aaen net vill Sënn.
Nicon07 17.08.2020 - 15:27
Do hues du vollkomme Recht. Ech hun dat jo och schn dem Pixelman10 geäntwert. Mais heiansdo mengt een, et misst een ebe mat Filtere spillen... Iwwregens hun ech hei d'Schwarzwäissëmwandlung ganz banal am Lightroom gemaach a méch net op irgendwellech Virastellungen, déi do heeschen "Dynamique complète lisse" oder "Spectre complet dur" an och net "Film Kodak TMax 400". smile Ech weess, wat ech an Zukunft maachen... closed_eye
gemu 18.08.2020 - 17:19
Daat ass just een vun de Groenn virwaat ech mech un d'Analogfotografie gin hun, ech hu mech ëmmer nees ertappt - esou guer elo och nach - en digitalen Filmrendu mat Filteren ze kréieren.
Nicon07 18.08.2020 - 19:48
Ech si jo och elo op deem Trip. closed_eye

gemu 18.08.2020 - 23:00
An daat schéinst dobäi, vu que dat et eng Hybridtechnik ass -analog ophuelen/digital scanen - kriss du vum Staat eng Entwëcklungshëllef smile
Nicon07 20.08.2020 - 09:45
smile ... oder sou!...
pixelman10 02.09.2020 - 18:39
des Kéier ass se gut gin !
Nicon07 03.09.2020 - 09:00
Merci! Ouni déng Remarque bei der 1. Versioun hätt ech méch mat der Effekthascherei zefridde gin. smile
pixelman10 03.09.2020 - 18:34
Effekthascherei ass schnell erkannt, deng Fotoen sollen e Wiedererkennungswärt (schwéiert Wuert) hun. Dann hues de alles errécht. Et geet drems dass deng Foto net an der Mass ennergeet, also ech gesin daat international an net op eist Winzig-Land bezunn, ausser et huet en keng weider Ambitiounen.
Nicon07 04.09.2020 - 08:02
Richteg! Dat hues du perfekt formuléiert!

Et vergësst een als "groussherzogléche Knipser" - dat heescht, als ee kelneg Wiermchen ënnert de grousse Gräifvullen - ganz séier, datt een och eppes ze soen huet, wann een einfach, bescheiden an authentesch bleift.

Merci, fir datt s du méch neess geäerdt hues.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 429 Gäscht online