Moien Eric_1989,
Ech erlaaben mer der ee puer Kommentaren zu denger Foto ze maachen.
Stell der folgend Froën:
1. Wat ass main Sujet, an gesait den Betruechter dat och ?
2. Stéieren iergendwelch Elementer eventuell (z.B. Aascht riets) ?
3. Kann ech Objektivfehler gesinn, an ewechmaachen? (Uewen lénks, chromatesch Abberatioun : magenta, einfach mat engem Raw Konverter wéi Lightroom ze korrigéieren)
4. Hat ech an menger Kompositioun viirgesinn esou vill Buedem Ennen am Bild ze weisen, oder hätt ech besser méi no bei d'Beem solle goën...?
Etc... du wees wat ech wëll soën. Vill Spaas nach, et ass elo dat richteg Wieder fir esou Biller. Merci, Jerry