Deng Foto kippt no lenks Soulous misst dat no sou enger langer Zait hei um Site eng vun denen Basisen sen wourober en oppast beim eropleuden vun enger Foto... Ass net beis gemengt, mee et ass einfach direkt en Dorn am Ae.. an dat muss jo net sen
daat géing mech elo interesséieren ... déi vertikal Linnen vun deenen Plaken kippen jo awer nët, wisou dann d'Gebai --> ech hun ët schon hei gelies, wees ët awer nët méi (optesch Torsioun?)
den Nicon07 wees och wéi een daat erem riicht zitt
@ Nicon07:
du wars um Belval?? wierklech? hues du dech verluer? (cf Titel)
Di senkrecht Linne sin och net senkrecht, mais ganz liicht konkav (Kuck mol ënne lénks de Poteau vum Glänner an da vergläichs du mat uewe lénks. Dat kënnt dohir datt ech den typesche Wäitwénkelbauch zevill geriicht hun an dunn ass et eng Taille gin, minim zwar, mais et ass eng gin. Dann hun ech di trapezförméch Verzerrung an de Waagerechten net genuch gefiltert, fir recht Wénkelen ze kréien. Dofir kippt d'BIL. Dat kënnt zum Deel dofir, wéi ech hei dem Ornitho scho geschriwwen hun, datt ech net wirkléch parallel zum Sujet stoung.
Nee, ech hu méch net um Belval verlaaf. (am éischte Sënn vum Wuert, wuelbemierkt, am iwwerdroene Sënn schon, well sou dacks sin ech effektiv net do am der Géigend )Den Titel ass mir einfach sou agefall, an huet just dee Bezuch zur Foto, deen de Kuckert domadder mécht.
Sorry! Ech hu méch ameséiert fir se ze riichten. An ech war sou iwwerzeecht, ech hätt dat gudd gemaach...
Mais sou wéi et ausgesäit, hun ech zevill dees Gudde gemaach, well wann ech lo nomossen, da kippt se effektiv. Mais am Original ass se sou schreckléch verzerrt, datt et bal net méigléch ass, alles riicht ze kréien. Ech muss zwar och dozou soen, datt ech scho beim Fotograféieren di Saach net uerdentléch ausgeriicht hun. Heifir hätt ech missen ee Stativ huelen an net aus der Hand knipsen.
An den AnalogEffex huet zu allem Iwwerdross neess künstléch Lënsefeeler dragerechent. Ech hätt besser, ech géing probéieren, deen Effekt mat engem Filter aus dem ColorEffex ze generéieren, dee keen Afloss op Distortiounen huet.
Mais recht hues du 100%, datt sou eng Uffängerfeeler hei eigentléch net méi dierften optrieden.
jo gesin elo waste mengs, du stungs tatsächlech net perpenduculaire zu da Wand, automatesch huste e perspektiveschen Effekt dran den dann nach mat da Distorsioun verschlemmert get.
Ech hun elo nach eemol op mannst 20 Minutte laang probéiert hei am PS mat riichten a wann ech dann d'Senkrechte schéi parallel hun, da klappt et mat de Waagerechten net méi. A wat di Saach onméigléch mécht, dat ass, datt wann ech d'Foto net cropen, an de Viirdaach vum Plaza, deen ech op der Originalfoto uewen nach mat drop hun mat der Mauer schéi parallel hun, da kippt den Daach vun der "Nëtt-BIL" (Wat ass dat da fir ee Gebei?) no lénks. Also ass de feeler scho bei der Opnahm geschitt. Do muss ech nach eemol hi mat der D600 an dem feste 35mm an dem Stativ mat der Setzwoo, an dann nach eemol probéieren. Hei hat ech jo d'D3200 an ee Kit-Zoom bei 27mm, dat entsprécht jo ongeféier engem 42mm op KB-Format.
an soss Nicon07, fannen ech, dass du roueg méi esou Architekturauschnëtter kéins machen
(sprëcht mech perséinlech méi un wéi d'Lokomotiven ,
mee ech hun jo och bestëmmt nët deen selweschten Bezug dozou wéi's du ...)
Merci Mischii. Eigentléch ass dest och éischter méng Zort vu Motiver fir ze knipsen, mais ech sin a läschter Zäit e bësse kamoud gi, fir a Stied no zäitgenössesche Gebaier sichen ze goen...
Wisou steht den ISO sou héisch? Dat rauschen op der Mauer as onheemlech dominant "fir mäin A" Du hues 27mm Brennwäit dann häss de kennen mat 1/50s ausléisen(dann kanns de nach emmer ebessi zidderen) awer dofir mat den ISO'en op max. 400 beim APS-C Sensor.Dat rauschen mecht fir mech des Foto komplett onbrauchbar.
Uewen an dem ausgebranntenen Deel vum Himmel sin och nach flecken oder et sin fläischt Villercher, déi giff ech och nach ewech machen.
Zum Bildopbau as jo alles gesot.Ausser dass de wahrscheinlech den Aparat liicht an de Bueden (no ennen) gehalen hues amplatz ebessi an d'Knéien ze goen (Stürzende linien)
Näischt fir ongutt, mee et soll e sech jo géigensäiteg hellefen hei.
Déng Kritik ass ganz richteg, an sch soen dir Merci dofir. Sch sin och net béis driwwer, well ech dat ganz gudd verdroen, ausser et wier eng net berechtigt oder klengléch Kritik, wat hei evidenteres net de Fall ass. Just erlab mir awer ze erklären, datt d'Imperfektiounen wi Stëbs oder "Villercher" an d'Rauschen zu engem Deel och d'Resultat si vum Filter aus dem a méngem Kommentar ënner Extras ugefouerten AnalogEffexPro sin. Dat heescht, datt d'Originalfoto trotz 1250 ISO guer net sou stark rauscht an datt de Sensor vun der D3200 absolut clean ass.
Wann een sou Effekter net gären huet, dat respektéieren ech selbstverständléch.
Den ISO steet iwwregens sou héich, well ech mat ISO-auto fotograféiert hun. Ech hu grad virdrun nach op der Bréck fir an d'Gare een Zuch am Laanschfuere fotograféiert, an dofir di kuurz Beliichtungszäit.