Flott Serie
Mir gefallen se alleguer ganz gudd, mee dei lescht ass einfach en tick besser (fir mech)
Fierwaat : Et geseit esou aus wei wann den Meister Petz einfach nemmen zefridden wär....roueg an glecklech.....
Merci McQueen .. jo sou kënnt se erriwwer .. am allgemengen ass ët mer virkomm wéi wann d'Bieren sech géifen wuelfillen .. et woar een zimmlech grousst Gehege ... ët ass an bléiwt awer ëmmer een Zoo Bild
Do hues du mech bei menger Rascht erwescht
Emng flott Serie Dei 1. an 4. well se sou genesslech riwwer kommen an awer hun ech en Hang zu der 3. well se nach mei daitlech ass.
Merci Mr Petz, du wees jo am Beschten wéi's de der gefälls
Mir hun se all gutt gefall wëll se eng anner Austrahlung hunn. 3 ass flott wëll en do sou obmierksam kuckt
Bei däääär Patt, do kann jo awer keng Ried vun Faulenzen sin daat ass e grousst Stéck Arbecht fir déi ze wäschen. Excellent Série, hun keng Preferenz si sin all op hier Mannéier super
Och wann ët Zoo woar woar ët am Princip ganz flott, mir hunn leider missten an der Hetz doduerch (wou mer eh just Zäit haten fir d'Halschent) wëll mer den Hond hun missen am Auto lossn ann ët awer 20 Grad den Daag woaren.. Muss onbedingt nach eng Kéier am Fréijoer dohinn
schéi Biller vun dësem faszinanten Déier,
ech ginn Dir mol eng Adress fir se an Natura ze gesinn, dat ass allerdengs e bessi méi geféierlech, well déi Petzen sinn net esou frou mat eis Menschen,
Brongbieren ginn nach wann se keng Klenger hunn a saat gefriess sinn, mee bei Grizzlien soll ee schon mol gläich d'Kéier huelen, wann een d'Spuer entdeckt
..eng immens flott Serie vun engem wonnerschéinen Déier wou's de hei weis Schluck.
Sin ëmmer nees iwwerascht vun der exzellenter Schärft an denge Biller.
Denn Mr Petz hues de ganz gutt an t Bild gesat, di Gemittlechkeet ...an de genoss woumadder en sech beschäftegt kennt ganz gutt eriwier...Eng wonnerbar Serie Schluck.