ma spektakuläer gesäit dat aus a richteg intressant am s/w, wëll 'the dark side of the moon' ganz am Schwarze verleeft;
esou en Tele misst ee nach hun: schreiwen ech dem Kleeschen emol op d'Lee
Hehe drecken der dann mol Daumen dass den Kleeschen daat fir dech am Gepäck hued
Matt engem 2x Extender oder suguer schon 1,4x wier et nach besser gin. Muss een awer och nach bedenken dass et keng 400mm sin mee schon 640mm, wéinst dem 1,6 Crop-Faktor vun der Kamera.
De Mound selwer ass hei awer och nach am Photoshop gecropt gin.
Fotoen vum Mound sin ganz oft interessant, an dëss ass herrlesch!
Wann ech elo pingelesch wier giff ech alt soen dass am Cadrage beschtemmt nach mei drann gewiircht wär (mei no ennen rechts an den Eck), mee bei deem Motif kann ech net pingelesch sin
Ech hun probéiert de Mount an den 3tels Schnëtt uewen Riets ze kréien, esou dass en am Schnëtt lait an och op der steigender Diagonal. Et wier bestëmmt och interessant gewierscht en einfach guer net an de Schnëtt ze setzen, ech mengen bei esou Fotoen wéi dëss ass de Schnett am fong egal, mee bon