Et ass d'Sonnebeliichtung am Gaart!
Op engem Dësch hat ech eng Pyrex-Schossel aus der Kiche mat Waasser. Ënner der Schossel louch e wäisst Blat Pabeier. Di zweet, onschaarf Ebene op de Biller sinn d'Schieter vun den Drësen um Pabeier!
( D'Nopere wäerte sech de Kapp zerbrach hunn, wat ech do geknechelt hunn! )
Merci Mainonides fir däin elegante Kommentar.
Komescherweis gefält mir dat Bild ( 2 ) am beschte, wou d'Kreesser net perfekt sinn. Villäicht well dat méi organesch, mënschlech ass?
Fänks du och schonns elo un mat deene Spechelcher iwwert d'Vakanz!
Ech si frou wann et fir dech emol eppes Neits ass.
Kënnt jo an der Fotografie net esou oft vir!
Merci!