Jo ... villeicht ... mé ech fillen neischt dobai ... De faite ass , net dass ech et net gudd fannen, mé et kommuniziert net esou mat mir ewei deng aner fotoen. Daat ass mein Problem , ganz kloer (wann et é Problem ass)
Am Fong geholl ass dest Bild eng "maternité",
bucolesch pastoral gewisen.
Do kommen, an net nëmmen beim Ed,
Erënnerungen op wou een als Papp
säin Puppelchen am Aarm hat.
Villäicht stéiert dech hei déi Idyll
zu där dann och nach
di 2 A r d e n n e r päerd gehéieren.
"künstliche Irrealität".....ass well bal d'Definitioun vun der Idyll, Gennaro.
Wann's de wëlls kéint een dës als Code gesinn, als Code fir Emotiounen eriwwer ze bréngen. Net jiddereen kann dee Code knacken, mais déi di e verstinn, fillen wat verstoppt gewise gët.
Di emotional Approche do, Gennaro,
ass wéi "Hänsel und Gretel".
Do wackelen d'Antennen,
oder si wackelen net.
Ob d'Foto elo gutt ass,
oder net,
dat ass eng aner Fro.
Wann engt Mäerchen esou erzielt gëtt,
dass mat Liichten an den Aen
nogelauschtert gëtt,
dann ass et egal
wéi et verzielt ginn ass.
Dofir muss én sech hai an do vergiessen an sech zum Nolauschteren predisposeiren , ouni Virurdél. Wann én et vergiesst ze maachen , an verschidden Lait (willkürlech oder och net) erenneren dech drunn fir mool daat matzekreien waat den Auteur mengt, dann ass et och gudd daat ze maachen!.
Merci Charel.