jo ech hu mer en Adapter Canon op M42 zougeluecht, as zwar elo alles komplett manuell ... also och Oppeblendmiessung ... mà dat mëscht jo neicht. Dat eenzegt wat ëmständlech ass, ass d' Schäerftastellung, mat den modernen Mattscheiwen ass dat emmer esou eng Gerotsaach.
Dat Objektiv huet zwar eppes spezielles wat süchteg mëscht, bei all Blend en aneren Bouket Demnächst wärt ech probéieren op et fir Porträien brauchbar ass )
Vir wat benotz du den Liveview dann net fir schaarf ze stellen? Domat kanns du op der 5DMKII punktgenau schaarf stellen an zéngfacher Vergréisserung. Bei enger Moderner Mattscheif ass dat jo wierklech bal net méi méiglech. Fir den TS huelen ech ëmmer den Liveview.
du hues Recht Nagarjuna, mä ech sinn do op de Weieren, dacks oder bal ëmmer ouni Statif ënnerwee, an dann ass de Liveview och erëm ëmständlech .... ech muss meng Gewunnechten iwwerdenken
merci awer fir den Tipp