Jade, déi Draachen hei (Trioceros rudis , Zweistreifenchamäleon) liewen an relativ héije Biergrégiounen (Afrika - Uganda, Burundi, Ruanda) tëscht 1500 bis 3500m. Do sin natierlech aner Temperaturdifferenzen ewéi hei bei eis, an genau déi iwert 15 -20 Grad Temperaturennerschéed brauchen déi Déiercher fir sech wuelzefannen. An dat kenne mer (konnt ech) hinnen nët bidden, spéitestens am Summer as et do eriwer.
Wann éen sech ze schlecht informéiert huet .... jo herno si mer ewéi esou dachs méi schlau.
Schlecht informéiert hun ECH mech sëcherlech net.. am Géigendeel
Leider sin déi wierklech äußert schwéier ze haalen, an et ass mer leider net gelongen..
Ed !
Daat as awer net den Pedro ????
Ui ui ui ... mein Beileed op jiddefall !
et as makaber der ze soen dat ech dei Foto genial fannen ! Se as souguer besser wei genial !
et freet mech dat et dem pablo gut geht !
t'Foto as wierklech top,
kadrage, dei beliichtung mam schiert
daat ganzt gefill fun vergänglechkeet an t'zeit dei duerno stoen bleift !
ganz stark einfach !
et as just schuet esou epes iwert den doud ka gesoot gin, mais et geheiert numol derzou !
net nemmen iergendeen fav fier mech ... kann een nach eng top-favs categorie machen wegl. ?
wann een selwer esou en zoo doheem huet, da wees een et ze schätzen .. an et wees een wei et as wann t'famil mei kleng get !
!Dës Foto ass net méi am System!