Ech si well puer mol gefrot gin wat déi Gels sin vun denen ech ëmmer schwätzen. Op méngem Site erklären ech kuerz wat Gels sin an wéi ech se gebrauchen.
(PAD 187/365)
ech froen mech zwar elo firwat den schwaarzen Gel ennen lenks gudd ass?
(nu so net, fir datt et beim Blëtzen däischter get )
Ech vermudden mol et ass en Polfilter, oder?
Öhm... sorry, dach dat as fir dass et beim Blëtzen méi däischer get, ND Filteren a verschiddene Stärkten. Heiansdo as souguer 1/128 nach zevill hell fir dat wou ee brauch.
genau, fier den master / internen bletz ze bremsen fier fun der seit mam slave besser akzenter kennen ze setzen ? daat nerft mech dat den integreierten bletz emmer muss matgoen fier den slave auszeleisen ! ....
Nee! Wann een de Master ofschwächt get och d'Signal dat d'Slaves kréien ofgeschwächt, da kann et gudd sin dass déi, wann een iwwer ETTL fiert net mat ausléisen.
Wann s de wëlls dass den Master net mat ausléist kanns de dat einfach um Blëtz selwer astellen. (RTFM.)
hmm bass de secher dat daat bei enger nikon geht ?
wei get den sb600 dann gesteiert wann keen internen bletz geht ?
muss ech meng beschreiwung nach eng keier liesen ?
wär ob jiddefall keen fehler, gin eierlech gesoot net 100% eenz mam bletz, well ech kann mer denken dat dei bletzer fill drop un waat een net direkt erausfennt !
Ganz einfach andeems den Master d'Signal schéckt schon iert den Shutter opgeet (wat souwisou ëmmer den Fall as) an dann eben während der Beliichtung net nach eng Kéier Blëtzt.
Majo... dann hun ech mol nes eppes bäigeléiert. Haett net geduecht, datt en sou schwaach Blëtzer asetzen géif.
Merci.
@Gaga
Wanns de däin internen Blëtz op -3 regels, dann stéiert en eigentlech net allzevill.
Du kinns den Blëtz och per Funk oder Kabel ausléisen, dann kanns de dat mam internen Blëtz vergiessen. Soit, datt déi Kabel an Funkgeschichten och net geschenkt sin.