Jo, kann ech mer fierstellen. En Kolleg hudd d'85mm 1,2 fier Canon. En beandrockend Objektiv.
Wollt mer och mol fier Nikon en 85mm kaafen, zwar nemmen den 1,8 mee dei hun nach emmer keen AF-Motor, wat se onintressant maachen well mein Brudder et dann net op senger D5000 notze kann (oder beschränkt notze kann.) Da waarden ech allt nach. :-P
Flott Opnahm, ech hätt awer probeiert een Quadratformat draus zu maachen, den rietsen Veertel ass m. M. no zevill...an och lenks ee weinig schneiden...
Flott Foto: schéin Farwen, schéin Onschärft an ech fannen et och flott, dass de déi 2. Blumm vun fir geholl hues. Den Fait, dass nach eng onscharf Blumm firdrunn ass hieft déi scharf Blumm na bessi méi erfier. Wann et méiglech gewiecht wier, hett ech villaicht just probéiert se esou ze huelen, dass déi scharf Blumm net vun der onscharfer "geschnidden" gët. Dat stéiert mech hei e bessen.