Bei iwert 3 Meter Spannwäit as ët nët evident sou en Ries ganz op Bild ze kréien...mee ët as awer en Genoss während engem Tauchgang vun sou friedlechen Kolossen begleet ze gin. Do fillt een sech beemol gaaaaaanz kléng....:-)
Hmm, also dei Floss do haet ech mei oder guer net ugeschnidden, soss gefaellt mer d'Foto awer gudd, ass och en richteg Scheint Beischt.
Hues de en nach aus aneren Perspektiven?
Jo ech wees dat mat der Floss as net ideal...leider muss de a) deenen Beischten mol noschwammen an b) ouni Wäitwénkel kucken dobai dat ganzt ze kadréieren...war och bessen enttäuscht dass ech se net ganz dropkritt hun.
Jo hun nach dei eng oder aner wou se ganz drop sin, mee dei si leider bis op dei eng oder aner net ganz scharf gin well d'Waaser zimlech trüb war (weinst dem Plankton op deen se sou scharf sin).
Angscht brauchs de keng ze hun bei deenen. Et sin sou mat dei friedlechst Mieresbewunner, friessen nëmmen Plankton a si souguer verspillt deemno wei se gelaunt sin. Deen do huet ët z.B. extrem genoss mam Bauch iwert eis Loftbloosen ze schwammen...