Ech muss soen, datts du hei Chance has mat de Leit. Wéi ech haut de Mëtteg géint halwer 4 do war, do war ee Gewulls. An da sin dir andauernd Leit firdru gelaaf oder d'Trammen hu séch gekräizt.
De Moblier urbain hei ass ganz suggestiv agesat an diee eenzel Elementer hues du sou an déngem Kader plazéiert, datt et scho bal wéi een Arrangement wierkt. An dat mengen ech lo net negativ. wwerall si Rummen an de Rummen an de Velo an di puer persounen am Bild sti, bis op eng Ausnam, déi awer wéinst hierer Kleedung diskret ass, all an hirer perséinlécher Rumm. Ech weess lo net, a wéi wäit een do deen Negativ nach kann digital riichten, oder ob dat Objektiv vun der Isolette do wirkléch keng Distortioun opweises huet, mais dee "Quadrillage" do ass jo scho bal perfekt. Dat do gefällt mir immens gudd, Georges.
Merci Nico, et wor Méindes mueres, duerfir wor et méi rouheg. Gedold ass trotzdem op däer Plaaz verlangt, den Tram muss do stoen, keng (oninterssant) Persoun soll duerch d'Bild laafen. Wann een mat der Isolette ennerwee ass, muss een Zäit hun, dou wees zwou Fotoen kuerz hannerenee machen ass souwisou net méiglech, mee daat ass jo eben de beléiften Slowdowneffekt beim deem Retroapparillo, - komesch zenter dem lockdown schwätzt kee méi dovun. Distorsioun ass absolut keen Thema bei däer Lens.