Desen Summer wor / as dach super. wëll et elo (endlech) e bessen Waasser get, wat och deck neideg as, dat elo esou dohinzestellen as jo wuel mei wei pessimistesch.
Méi pessimistesch sin ech do bei der Lëschtung vun dengen Fotoen.
N°3 as vum Kadrage hier, fier mech en no-go. Entweder du setz dein Horizont esou dat en eng anstänneg Andeelung an dein Bild brengt oder du leis en eweg, esou gesait et ofgeschnidden aus.
N°2, Beliichtung as net optimal, och hei as den Horizont sou no um Rand, das alles waat do ze gesin as (also um Buedem) guer net zur Geltung kennt, hei hätt een zb mat der Strooss vill mei Deift an t'Bild brenge kennen. Dat den Buedem sou ofgesoff as, mecht et net besser.
N°1, genau wei bei n°2, do as eng Strooss, dei awer guer net an de Bildopbau mat eran geholl gin as. Och hei fehlt et dofier un Deift. Fierwaat sin 30-40% Uewen Inhaltslos Wolleken ? Dei brengen naischt.
Eng Iwerbelichtung vun enger Blend hätt deenen drei Fotoen gut gedoen. Hei wier et hellefreich gewiercht dein Histogram op der Camera direkt ze kucken an e bessen manuel unzepassen.
Eng Camera as drop ausgeluecht Objekter an Landschaften ze fotographeieren, soubaal een den Himmel, resp. Wolleken knipsen well, as t'Automatik net mei adapteiert an et muss een manuel fiergoen.
Exposure Time (1 / Shutter Speed) = 1/1000 second ===> 0.001 second
Lens F-Number / F-Stop = 28/10 ===> %u0192/2.8
fier dest Motiv as F2.8 komplet onnetz, an mat 1/1000sec has de genuch reserve t'Blend 2-3 Stuffen zou ze machen.
Ech gesin
Exposure Mode = manual exposure
mais deng Astellung wor falsch gewiellt.
Haat äich gesoot den Summer wier besch...eiden?! Mitnichten Näist mi langweileg wéi all Dag Sonn an bloen Himmel.
An däin Analyse ass detailléiert an pertinent. Wärd mir mol nées mi Zäit loossen fir den Cadrage an korrekt Astellungen. Haat mäich zou Schnappschëss aous der Hëft hiräissen gelooss
Merci Gaga fir d'Léierstonn.