Den Bléck Kadrage gefält mir schonn ganz gutt. Een rouegen Hannergrond deen awer komesch Musteren dran huet . Rauschen ass do och net ze gesinn bei Iso 2500....hues de do vill drun geschaaft oder villäicht ze vill MR.
Merci Conley
fir däin Kommentar.
Jo,ech hun vill drun geschafft,
hun elo nach probéiert déi komesch Musteren eraus ze kréien.
Hun d'Foto missen 2X ersëtzen,sou dass een
déi 1.Versioun leider
net méi gesäit.
Eng wonnerbar Schwanzmees Martine!
Am richtejen Moment oofgedreckt wéi se schéin positioneiert woar.
Schéin kadreiert an eng gudd Beliichtung!
(Du hues deen "Banding" gudd korrigéiert an déi nei Versioun ass besser!)
..déi huet hire Numm net gestuel. Exzellent gewisen an der Diagonal, an duebel enkadréiert, d'Äscht am Y, an en plus déi liicht Vignette.
Ganz flott däi Bild Martine..!!
Gefält mer och gutt deng Schwanzmees.
Et ass ëmmer erem flott méi en raren Vull hei kennen ze gesinn, zumol een deen och nach extra flott kadréiert a beliicht ass.