Fir mech bis elo deng bescht Foto mat Drësen. Flott Strukturen an Faarwen an en pur Lens Flare.
Muss awer leider en bëssen meckeren....uewen lenks an ënnen riets, den gëllenen an den hellen Eck steiert Harmonie vum Bild fir mech. An nach dréi Sensor Flecken ewech dann ass se Top MR.
Merci Conley
freet mech dat ze héieren.
Mat dengem bëssen Gemeckers
hues de vollkommen recht.
Sensorflecken hat ech den Mueren
och schon bemierkt an dat mat den Ecker
ass mir selwer nach net esou opgefall.
Den Metteg probéieren ech dann
eng Top Foto doraus ze machen.
Merci fir Verbesserungsvirschléi
Mat denger Drësespillerei ass der e wonnerbart abstrakt Konschtbild gelongen. Alleng di grouss Drës kent 3D erriwer wou een immens Formen, Faarwen a Spigelungen dran erëm fent. Dat Ganzt gefält ganz gutt Martine!