Jacques, déi 2 ass immens flott vum Standpunkt, Cadrage an de Growäerter hiir; si rauscht zwar, awer dat ass hei guer nët schlëmm oder wichtég; d'Linnen lénks a riets droen zur gelongener Foto bäi. Fäin och déi oppen Diir an de Bléck an de Living
hei, mol een hei de normal Kuckt ech gesinn se hei ëmmer vun uewen
mä esou gefëllt se mer och ganz gutt, ... bass de och elo beim ale Buttek ukomm Jaques
dei hei hun ech verpasst, an hei sin ech 100% d'accord mat der geometrie. also t'Traap, dei gefällt mer.
Dei aaner as net riicht. An ech sin erem den eenzegen ....
PS: fierwaat bei der Foto am Ganck F10 ? Wanns de do e bessen mei Schärfteverlaaf häss wier den Tunneleffekt evtl. mei stark?
Oh jo, an den Gaga huet recht!!!
Déi ass net richt, an wärt daat änneren.
Fir den Tunneleffekt hätt ech missten eng aaner Blend wiehlen, mee bei deser Foto wollt ech, dass een d'Strukturen vun der Tapéit un der Mauer besser geséit.