Watleeft
Grünschnabel
Dabei seit: 14.05.2011
Beiträge: 5
|
|
Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie. |
|
Moien alleguer,
Bei Sportsfotographie kennt et des öfteren fir das den Sujet net optimal Scharf as.
Ginn et do irgentwelsch Techniken fir den Sujet virdrun Scharf ze stellen?
Zum Beispill, beim Skaten stellt sech emmer een, eng Persoun oder den Skater an desem Fall, op d'Plaatz wou den Trick gemaach soll ginn fir dass ech d'Schärft op des Distanz kann anstellen.
Wann et Donkel as erkennt een daat net esou gudd (mat oder ouni Bletz).
An um Fotoapparat (Bildschirm) erkennt een et net Direkt, ok et kann een Zoomen fir ze kucken op et passt mee as keng optimal Technik (Trial & Error).
Ginn et do fläit irgentwelch Paneauen (Poster, ...) mat engem Muster drop waat eng Persoun kint dohin haalen fir das een den Focus ordenlech kann anstellen?
Desen Punkt dreift mech des öfteren an den Wahnsinn, Tips sinn wellkomm. :-)
Alex
|
|
05.03.2012 23:20 |
|
|
TomEwert
Doppel-As
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107
|
|
fréier konnt do mat der hypofocaler distanz nach relativ gudd spillen ... do wousst een eben dass een fir eng gewessen blend eng gewessenen spillraum huet vun déiftenschaerft huet. mat denen modernen apparater ass déi hypofocal distanz leider ausgestuerwen, ausser bei ganz heischwaertegen objektiven vun leica z.b. ... waat helleft ass wierklech z.b. mam skater auszemaan wou heen den trick mecht, dorobber hin schaarfstellen, just nach den cadrage awer nemméi distanz selwer wiesselen an drop lass probéiren. do ass en wierklech den try&error prinzip. waat deng blend awer méi zou ass, waats du méi chance hues den déiftenschaerftebereich ze erweschen an deen den skater ass. déi art an weis virzegoen huet awer och en nodeel. waats du méi d'blend zoumess waat deng beliichtungszeit logescherweis (mam selveschten asa) méi laang get. daat heescht an deem fall asa ropschrauwen an probéiren
souvill kann ech dir dozou soen.
__________________ Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht
|
|
06.03.2012 10:33 |
|
|
gi87 unregistriert
|
|
RE: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie. |
|
Esh wees elo net mat wats du genau schafst, awa esh gief soen et hänkt och en deel of vum Fotoapparat of, z.b. bei sportsopnahmen do notzen esh an eichter lin opjiderfall Heigh ISO-Werter, dat alabt mir mei schnell Verschlosszeiten ze notzen (1/1000-1/1250 ) sin exellent Dofir, vir den AF-Mode, do wielen esh den AI-Servo Modus, den garanteiert mier e gudden Tracking un mengem Unfokuseierten Objet.. Esh hoffen esh konnt Dir e bessen mol weiderhelefen
|
|
06.03.2012 16:56 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
Also ech stellen den Focus emmer op "continued focus", esou kanns du mam Sujet (Skater) matzeien an den Focus misst emmer op dein Sujet scharf stellen.
Ausserdem soll d?Verschlusszeit emmer esou kurz wei meiglech sin fir net ze verwackelen. Mee ech wees bei net idealen Lichtverhältnisser ass dat emmer een Kompromiss aus héigem ISO, Blend sou grouss op wei méiglech an Verschlusszeit.
|
|
07.03.2012 13:15 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Wéi schons gesoot, AF-Mode op continuous, d'Blend sou wäit wéi méiglech zou maachen hëlleft, mee huet awer den Nodeel dat och Saachen schäerf ginn wou evtl. net sollen, dann kuez Beliichtungszäit duerch héigen ISO-Wäert. Mat der Zäit kriss de en bëssen en Gefill derfir wéieng Kombinatiounen an Astellunngen gutt vier dech an däin Apparat funktionnéieren, mee bis do hinn produzéiers de eben vill Schrott.
Déi Fokuspunkter an der Mëtt vun dengem Bild funktionnéieren am efficasten, d.h. mat AF-C den Sujet schon fréi zentral uwiséieren, verfollegen an probéieren dat en ëmmer am Zentrum vum Sucher ass an dann wierklech ganz zum Schluss eng Kéier séier kadréieren an direkt ausléisen. Wann et wierklech guer net geet muss de d'Foto bëssen méi grouss maachen, an dann kadréiers de doheem um Pc. Dat ass zwar verpönt mee funktionnéiert mat den modernen Opléisnungs-Giganten zimlech gutt.
__________________ Anti-Signature
|
|
07.03.2012 14:40 |
|
|
Watleeft
Grünschnabel
Dabei seit: 14.05.2011
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
Merci alleguer fir déi Hellefräich Tips.
Ech mengen ech kann als Schlussfolgerung (mat dem ech elo mol bei denen nächsten Fotoshoots probéieren wärt) sohen das ech emol op jidenfall:
a) d'Blend méi kleng stellen wärt wéi ech daat fir üblech gemaach hun.
b) an also Kompromiss, fir déi schnell Beliichtungszäiten ze behaalen, den ISO erop schrauwen. Waat ech net gären maachen weinst Rauschen, mee denken besser e bessi Rauschen wei eng Onscharf Foto:-).
PS: Déi Saach mam Continued Focus as mer schon bekannt, mee fir Skatefotographie as dest schwéier emzesetzen well den Cadrage vun der Foto essentiel ass.
Alex.
|
|
07.03.2012 20:44 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Probéier mol eng Kéier Kampfsport schäerf ze kréien, beim Skaten halen se d'Richtung alt wéinstens...
__________________ Anti-Signature
|
|
08.03.2012 00:32 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
@ Metalbambi: Mess du vill Fotoen vun Kampfsport?
|
|
08.03.2012 08:28 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
War lo praktesch 3 Joer verletzt an konnt selwer net kämpfen (Judo), dunn hunn ech alt ëmmer Fotoen op den Competitiounen gemaach.
__________________ Anti-Signature
|
|
08.03.2012 10:21 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
Dat heescht, du mess haaptsächlech dann Fotoen beim Judo oder wei?
|
|
08.03.2012 14:35 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Haaptsächlech ass vill gesot, mee maachen der op Allefall vill.^^
__________________ Anti-Signature
|
|
08.03.2012 15:29 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
Ech hun mech alt mei am boxen probeiert. :-)
|
|
08.03.2012 20:17 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Misst zimlech op d'selwecht raus kommen.
__________________ Anti-Signature
|
|
08.03.2012 21:49 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
RE: Richteg Scharf stellen bei Sportsfotographie. |
|
Zitat: |
Original von Watleeft
Ginn et do fläit irgentwelch Paneauen (Poster, ...) mat engem Muster drop waat eng Persoun kint dohin haalen fir das een den Focus ordenlech kann anstellen?
|
Ganz einfach, hun ech selwer och schon benotzt bei Selbstporträt, eng ganz banal Täscheluucht.
D'Persoun hoellt eng taescheluucht an zielt domadder op d'kamera, an zack hues de focuséiert
|
|
08.03.2012 23:09 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
@ Metalbambi: Dat ass elo eng gudd Fro, ech wees eierlech gesot net wei beim Judu belichtung muss sin. Beim Boxen stoussen ech mat standart Objektiver zwar zimlech un grenzen, muss oft Bildrauschen an kaaf huelen fir dass Foto e bessen scharf gett. Et muss een zimlech kuerz Belichtungszeiten huelen beim Boxen.
|
|
09.03.2012 09:48 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Alles iwwer 1/250 kanns de komplett vergiessen, gutt ginn se sou ab 1/320.
Dat an der Kombinatioun mat den standardméisseg extrem hell beliichten Halen huet mech iwwerzeegt en Tele mat f/2.8 ze kafen. ^^
__________________ Anti-Signature
|
|
10.03.2012 00:40 |
|
|
noraschi unregistriert
|
|
wou der lo schon dobei sidd..
maachen deemnächst gaer puer fotoen fun engem Deschtennis match
vlait kann een vun ierch mer do e puer tipps gin?
(well hun nach net esou vill ahnung vun sportsphotographie)
|
|
18.03.2012 02:23 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Bei Sport ass eigentlech den techneschen Haaptproblem d'Schäeft, virun allem indoor.
Wat vir d'Fotoen selwer lo wichteg ass, ass dat bëssen Emotiounen riwwer kommen, an d'Actiounen am richtegen Moment geknipst ginn. Do hëlleft et immens sech virdrun mam Sport ze befaassen, sou dat een d'Actiounen vum Sportler anticipéieren kann. Mat purem reagéieren kriss de keng gutt Fotoen wëlls de ëmmer ze spéit un bass. Probéier och d'Gesiicht vum Sportler mat drop ze kréien, dann gëtt d'Foto direkt vill méi interessant well se perséinlech ass. Ausnahmen bestätegen natierlech och déi hei Regel.
Kuck einfach am Internet Fotoen vun gudden Fotografen, dann kriss de Iddien wat s de kanns maachen an gesäis op wat s de oppassen muss wann s de se en bëssen serieux analyséiers.
Ahjo, maach den Sportler en gefalen an looss däin Blëtz doheem.
__________________ Anti-Signature
|
|
18.03.2012 15:38 |
|
|
jotes
Jungspund
Dabei seit: 28.11.2009
Beiträge: 18
|
|
Zitat: |
Original von noraschi
wou der lo schon dobei sidd..
maachen deemnächst gaer puer fotoen fun engem Deschtennis match
vlait kann een vun ierch mer do e puer tipps gin?
(well hun nach net esou vill ahnung vun sportsphotographie) |
Wat gudd eriwer kennt ass, dass de Ball mat op der Foto ass.
Dat gellt fir all Sportart dei mat "Accessoiren" funktioneieren.
|
|
22.03.2012 09:55 |
|
|
|