Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
|
|
Elo wollt ech emol esou routinesméisseg ewéi ëmmer no méngen/eisen Wallpaper'en kucken, wéi ët deenen esou geet.
Hun alles ofgesicht, fannen se nët méi !
Läit ët u ménge schwaachen Aën ?
Sëcher steet ët ganz grouss iergendzwousch, an ech hun ët also nët gesin,
besichen ech de Forum och nët grad dacks ... hun daat da wuel verpasst...?
Ët géing mech schons staark intresséieren (an natierlech och frëen ze wëssen) wou dann elo déi Wallpapere geland sin !
P.S.: Hun en Test mat engem vu ménge Wallpapere gemeet, deen ech op méngen e-maile verlinken; déi Foto gët dann och ugewisen ! Also ass se emol nach do !
|
|
15.12.2011 19:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Mir hunn eis entscheed déi vum Site erof ze huelen vu dass et eppes ass wat net direkt mat Fotografie ze dinn huet, en plus huet dee Script ëmmer erëm Problemer gemaach d.h. ech hätt et eng Kéier musse ganz nei maachen, an vu dass ech awer alleng um ganze Site programméiere gesinn ech déi Zäit och besser investéiert an méi wichtege Saachen/Funktiounen. D'Dateien sinn awer nach net geläscht, dofir geet däin direkte Link nach ëmmer
__________________ 404 - Not found
|
|
17.12.2011 14:57 |
|
|
Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
Themenstarter
|
|
Merci fir d'Info Johny !
Dat do fannen ech natierlech zimlech schued (z.B. wéinst ménger/eiser Aarbecht als Hobbyfotograf/en).
Däin Argument: (...) vu dass et eppes ass wat net direkt mat Fotografie ze dinn huet, (...) fannen ech diskutabel. Ech fannen ët nët déplacéiert "Wallpaperen" op engem Foto-Site ze hun, sondern gesin dat als en immensen Moyen vu Promotioun vu Foto'ën.
Ech wëll och nët mat Dir doriwwer diskutéieren, als Meeschter vum Site muss Du dat schons selwer décidéieren - kënnt nach derbäi datt's Du um Bilan gesäis, waat déi Hit'en vun de Wallpaperen Dir an dem Website abréngen. Däin Argument vun der z'investéierender Zäit ass natierlech dat am einfachsten verständlechst.
Ech bieden Dëch natierlech, dat do mam ewechhuelen vun de Wallpaperen evtl. nach eng Kéier z'iwwerdenken... !
Wann näischt méi hëlleft, bleiwt mir an den aaneren Wallpaper-Fournisseuren jhust nach d'Biller ëmzefunktionnéieren an erëm frësch op de Site als normal Biller eranzestellen !
|
|
17.12.2011 19:43 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Fir mech ass de Choix aus réng rationalen an zäitleche Grënn ganz einfach, well wann ech do géif Zäit nach weider dran investéieren géif et mer virkomme wéiwann ech se géif verschwenden verglach zu anere Saachen déi scho laang sollten ëmgesat sinn.
Et muss ee kënnen verschidde Saachen ewech loossen fir dass anerer, méi wichteger, sech besser entwéckelen, dat ass nunmol esou :/ Leider si mer net zu méi Entwéckler.
__________________ 404 - Not found
|
|
17.12.2011 20:02 |
|
|
|