WorldTraveler unregistriert
|
|
Hallo!
Daat hei ass keng Kritik. Ech wollt just froen, wei d'Moderatoren vir gin, wann se Photoen unhuelen. Meng Photo ass elo schon iwwer 4 Stonnen an der Warteschleife (nach net gepréwit) an aner Photoen, dei ereicht virun 1 Stonn heichgelueden goufen, goufen schon ugeholl.
Wourunn leit daat?
Mat fréndleche Gréiß
David
|
|
15.05.2011 20:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Leit déi regelméisseg Fotoen erop lueden an wou mer gesinn dass e gewëssenen Niveau erreecht hun wou hier Fotoen keng Kontroll méi brauchen, déi gi fräi geschalt esou dass déi net méi duerch den Aktivéirungssystem mussen, do kënnt dat hier.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.05.2011 20:18 |
|
|
WorldTraveler unregistriert
|
|
Villmols Merci fir deng Äntwert!
|
|
15.05.2011 20:20 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
meng Gedanken heizou, och wann ech se am Ufank guer net emol wollt fréi ginn.
mmm... elo wär et natierlech nach ze definéieren wat "regelméisseg" an "gewëssen Niveau" bedeite soll ?
Ech selwer hat dach emol zu dësem Thema geäntwert kritt, dat de Gros vun den fräigeschaltene Memberen esou gutt ass, dat se nach ni eng Foto verworf krit hunn. *mmm* ... kann dann elo de Gros vun de Leit déi hei regelméisseg gutt an interessant Biller bréngen (et brauch en se jo net opzezielen), ni an dee Genoss vum fräigeschalt ze ginn kenne kommen, just wëll déi schonns en oder méi ewéi e Bild net ugeholl kritt hunn ? ... ech iere mech bestëmmt.
natierlech ass et e leidegt an och schwéiert Thema dat dem Johny bestëmmt op d'Nerve geet, mä d'Léisung steet oft schon am "virgedrëktene" Saaz, ënnert dem verworfene Bild dat "d'Admin" dem Member schécken,
"du hues der net genuch Gedanken driwwer gemaach"
an dobäi iwwersinn "Sie" selwer dat doriwwer nach nogeduecht soll ginn.
Nëmmen Schued dat dat heiten Problem, wann et iwwerhaapt eent ass, net ënnert dësen Zeile geléist gëtt, ... an dat et schon vill gutt a manner gutt Leit kascht huet, ... a nach wäert kaschten.
.... mä gutt dat dës Zeilen nëmmen Gedanke sinn
)
|
|
16.05.2011 20:21 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dass der nëmme geholl ginn déi nach ni eng Foto refuséiert kruten dat stëmmt esou net, do iers de dech wierklech also
Mee wann een awer all 2 Wochen oder sou erëm eng Foto huet déi refuséiert gëtt, dann kann een och schlecht fräigeschalt ginn.
Zitat: |
an dobäi iwwersinn "Sie" selwer dat doriwwer nach nogeduecht soll ginn. |
Ech hun d' Gefill wéiwanns de net gelies häss wéi den Aktivéirungssystem soll ugepasst ginn?
E wir och schonn online, wann ech net an de läschten 2 Wochen hätt vill Zäit mussen drop maachen fir en anere Projet vu Photogen... dozou muer méi an den News.
__________________ 404 - Not found
|
|
16.05.2011 22:11 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
@Ech hun d' Gefill wéiwanns de net gelies häss wéi den Aktivéirungssystem soll ugepasst ginn?
ups, effektiv hunn ech dat nach net gelies an och nach net héieren .... (schumm)
wahrscheinlech dofir well ech esou en Forumsmuffel sinn, den och nach an der lescht ënner chroneschem Zäitmangel leit.
Esou, dat muss ech haut oder spéitstens muer onbedéngt nohuelen.
merci fir d'Opklärung
|
|
16.05.2011 22:24 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Kuerz gesot geet d' Stëmm vun engem vun eis net méi duer, op manst 2 mussen mat entscheeden, an et ginn fest Riichtlinnen opgestalt déi, wann eng Foto net ugeholl gëtt, dann ugeklickt gi vun eis dass déi net respektéiert waren, an de User kritt dann direkt mat Tipps ugewisen wat en do muss maachen respektiv u wat et genee kann leien.
__________________ 404 - Not found
|
|
16.05.2011 22:53 |
|
|
meckerfritz
Grünschnabel
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 7
|
|
Wann Zensur e Problem as, dann einfach de Buttéck zou maachen.
|
|
17.05.2011 14:44 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also et ginn awer Leit déi hu wierklech näischt besseres mat hierer Zäit ze dinn
__________________ 404 - Not found
|
|
17.05.2011 15:04 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
__________________
|
|
17.05.2011 16:53 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
Also.........
Ech well mech elo hei guer net aschleimen...kréien och Fotoen zenséiert...an méschtens sin Ech och vun der Entscheedung iwwerascht an kann se net ganz novollzéihen.
Et ass awer de Wonsch vun de Moderatoren eng gewessen Richtlinie ze hunn an daat musse mir all respektéieren...Et gin jo aaner siten wou een seng sache posten kann (probéiert emol www.oneeyeland.com, do gin der täglech nemmen 2 ugeholl, an sie hun 30000 aktiv memberen)
Also bei mir Doheem muss Dir d'Schong ausdoen, daat ass esou....op dir et verstidd, blöd fannt oder waat och emmer....et ass bei mir Doheem, an do maan Ech waat Ech wëll
|
|
18.05.2011 20:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Merci Vito
__________________ 404 - Not found
|
|
19.05.2011 11:57 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
@ Also bei mir Doheem muss Dir d'Schong ausdoen, daat ass esou....op dir et verstidd, blöd fannt oder waat och emmer....et ass bei mir Doheem, an do maan Ech waat Ech wëll
bei mer doheem maachen ech och wat ech wëll Vito, an trotzdem d'brauch keen d'Schung ausgedoen a buerféiss do ze lafen, wann en op Besuch kennt.
Dat ass meng oder eng aner Art Respekt vis a vis vu menge Gäscht ze weisen. Ganz sécher sinn ech mer awer, dat wann een ënnert hinnen d'Schung net propper hätt, giff en se automatesch an onopgefuerdert ausdoen.
Wat wär dat jo esou langweileg wa mer all nämmlecht giffen ticken, ... dann hätte mer och a punkto Biller och nach de nämmlechte Goût , an de Site hei wär doudlangweileg.
also, ... gutt dat et e sou ass ewéi et ass an esou bleift !
edit: ech kann zb mam beschte Wëllen net verstoen, fléicht wëll ech vergléichen ? ... ewéi laang kucken ech elo deng Biller schon elo Vito, dat's du nach een vun de Useren bass den nach duerch eng Zensur muss goen ? .... sorry do klappt eppes net
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von suraki am 20.05.2011 17:40.
|
|
20.05.2011 17:17 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ed,
Wanns de eng Fro un d' Admins direkt stelle wëlls dann maach et och, an verdréin et net extra
Dem Vito seng Biller sinn all vun héiger Qualitéit, do gëtt et näischt ze meckeren. Verschiddener si just zevill wäit iwwert d' Grenz vun dem wat op PG soll gewise ginn
an de Vito huet dëse Kommentar geschriwwen direkt nodeem s en esou eng Foto net ugeholl krut.
__________________ 404 - Not found
|
|
21.05.2011 15:32 |
|
|
Mika
Doppel-As
Dabei seit: 03.03.2007
Beiträge: 143
|
|
Ech kruut och well laang näischt méi refuséiert (ok ech sinn och lo nitt den Dauerroplueder
), ma ech hunn awer kee Probleem, wann ech dann alt muss 2 Stonne wäerden ier d'Foto op de Site kennt, well se soll virdrun vu puer Leit gekuckt ginn...heiansdo deet et och mol gudd onerwäerterweis eng Foto refuséiert ze kréien, da mecht een sech wahrscheinlech méi Gedanken wéi wann een een méi oder manner konstruktive Feedback um Site derfir kritt ;-)
|
|
21.05.2011 15:48 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
Johny, ech hunn neicht verdréient an de Satz war direkt un de Vito gericht.
Well ech awer elo direkt, drop Ugeschwat gi sinn Johny, soen ech meng Meenung nach emol ëffentlech dat jiddereen matliese kann wat ech net gut fannen a wat menger Meenung no misst iwwerschat ginn. Op refusöiert Biller gin ech elo net direkt an, dat giff d'Rumm hei sprengen
Ech selwer kenne jo d'Meenungen an och déi ondiskutéierbar Haltung vun eisen Administratoren iwwert d'Zensur an d'Fräischalten.
Op d'Fro wéi d'Konditiounen sinn fir fräigeschalt ze ginn, bleift Der allen Useren eng Äntwert schëlleg. Wann ewéi elo uewen geschriwwe gett "regelméisseg gutt Biller erof lueden" ass dat esou vague, dat ech et net eescht huele kann, ... ech selwer wées jo och ween wat hei däerf eroplueden, wéi daachs en et mëscht,a wéi gutt seng Saachen sinn.
Hei gëtt selwer gesot mer wären e federéierten Foto--Club FLPA ( FIAP ) a schécken och nach Entriformen fir Concouren un d'Memberen.
Ironie un: "Wann do awer elo een mat vill Méi eppes erreecht huet, dann huele mer dat net esou richteg eescht ...mer hu jo eisen internen Concours" Ironie aus
Penibel a paradox fannen ech et awer wierklech, dat Leit hei op Photogen, (ech schwätzen net vu mer selwer, mä nëmmen iwwert en Prinzip ! ) déi déi héchsten Auszeechnungen an der Fotografie erreecht hunn, an och nach an internationalen Juryen vun der FLPA an FIAP setzen, hei engem eenzelen Member (jo geschwënn Zwee
) ausgeliwwert sinn dë jugéiert, op dat Bild elo würdeg ass fir gewisen ze ginn oder net. Hei um Site ginn et Leit, (als Präsident weess de jo eppes mat den Titelen hei unzefänken ??) déi en AFIAP, EFIAP hun. Den héchsten Titel MFIAP (ech mengen e war an der Zäit weltwäit op 200 mol begrenzt) dën eis international Federatioun pro Joer weltwäit eng Hand mol, wann iwwerhaapt, vergëtt, den ass hei gläich zweemol vertrueden.
Kuerz net verstoppt a net verdréint, net fir ze streiden ... a vir mech egal, well meng Decisioun schon méi laang gefall ass, an well ech gefrot gi sinn ze äntweren
Dat doten ass elo fir kee perséinlech ! an ass fir de ganze Club oder Comité gemengt. E Club lieft duerch seng zefriddenen Memberen
|
|
21.05.2011 18:20 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech gi lo net zevill op den Deel an mat den Titelen an der ganzer Haltung vis-à -vis vun Federatioun(en) well dat ass eng aner Diskussioun, an géif och d' Rumm sprengen.
Wanns de gelies hues dass et der geschwënn minimum 2 sinn déi akzeptéieren an refuséieren, hues de jo och gelies dass kloer Riichtlinnen online kommen déi définéieren wéi eng Foto sollt si fir ugeholl ze ginn? Bis elo ware mer déi Äntwert schëlleg, do hues de ganz Recht, mä leider klauen zevill administrativ Saachen mir d' Zäit fir dat néidegt technesch mat Zäiten ëmzesetzen.
Du geheis awer elo och erëm de Club an de Site duergerneen, wat s de menger Meenung no absolut net däerfs maachen. Et wir just ubruecht, wann et esou wir dass ee muss Clubmember sinn fir um Site aktiv ze sinn.
Als Résumé: Mir hun eis eegen Astellung vis-à -vis vun der Fotografie, déi sech ënnerscheed vun der Astellung vun FLPA etc. Ders si mir eis bewosst, mä mer gesinn net an wisou mer eis engem anere System, dee gréisstendeels immens veralt ass, sollten komplett ënnerwerfen. Mir hunn eis eegen Idee, eis eegen Astellung, déi mir vertrieden an durchzéien, mer huelen awer och u Concours'en Deel vun anere Clib wou mer heinsto mol besser an heinsto manner gutt ofschneiden, wou mer eis dann dem System upassen. Mer respektéieren awer dann, wann mer matmaachen dee System.
A komescherweis si jo och ganz vill Leit déi eis Astellung genee esou deelen an ganz zefridde sinn. Mir kënnen net jidderengem et Recht maachen, an mer wëllen och net
__________________ 404 - Not found
|
|
21.05.2011 18:36 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
... wei de Johny schon soot:
et sinn ëmmer déi puer selwecht Leit wou kritiséieren, vis-à -vis vun deenen puer honnert aktiven User wou zefridden sinn, oder sech mol op mannst net um System stéieren. Den 'Problem' ass just dat déi Leit net permanent Lobeshymnen ustëmmen, mee déi Hand voll Kritiker awer permanent um meckeren ass.
Ed, zu der Saach mat den Titelen:
Weess du dann ganz genau wéi vill déi betraffen Leit vun dem Aktivéierungssystem 'agegrenzt' ginn? Ech bezweiwelen mol dat déi sollen oft Fotoen refuséiert kréien, an wann, dann éischter aus inhaltlechen Grënn wéi aus qualitativen.
__________________ Anti-Signature
|
|
21.05.2011 22:41 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Ech hat mir virgeholl hei am Hannergrond ze bleiwen fir eng kleng Zäit. Iergendwéi kommen hei Diskussiounen op déi ech awer bedauerlech fannen, an och typesch "lëtzebuergesch" fannen. Firwat ass dat Lach zwëschen den den Clibb, Federatiounen an PG eigentlech. Firwat ass PG der Federatioun zougetrueden wann et Differenzen an der Astellung ginn? Virdrun ass hei am Thread och een Site ugeschwat ginn den jenseits vun den Clibb läit. Wann PG well onofhängeg sinn, dann soll et och sou bleiwen. Wann et net soll sou sinn, dann muss een sech der "Direktioun" upassen. Ech muss dat bei mir am Betrib och, an z.B. muss dat och all Gewerkschaftsbüro den zu senger Gewerkschaft gehéiert.
Ech denken dass et deck Zäit gëtt dass PG als Club ënnert dem Patronat vun der FLPA méi Afloss misst kréien. Domm Fro... (oder och net): Wien setzt an der Jury bei der FLPA an ass Member vun Photogen (an just vun Photogen, an just fir Photogen???)
Virun kuerzem sinn ech gefrot ginn... net hei am Land... an ech hunn och direkt zougesot. Meng Virstellungen sinn net déi vun deenen "alen Leit" vun deenen hei emmer geschwat gëtt. Also... ??? Op wat waarden verschidden Leit hei nach fir eppes ze änneren, wann den Bedarf fir d'Jugend besteet eppes ze änneren. An menger Jugend hunn mir emmer gesot "Mir mussen eng Demo maachen an eis wieren"... dann hunn mir eng gekifft... an duerno ass gesot ginn "Easy!!!! Muer kucken mir weider... elo gëtt gechillt".... Mir kennt et vir wéi wann déi Mentalitéit sech iergendwéi iwwerall breet gemeet hätt. Awer, wann dir (ech sinn jo elo schon een Péip fir iech) näischt ënnerhuelt, dann ännert sech och näischt.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nagarjuna am 21.05.2011 23:01.
|
|
21.05.2011 22:45 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Eiert een enger Federatioun bäigetrueden ass, kenns de hiere System an hier Astellung quasi guer net
Dat heescht net dass wann mer dat gekannt hätten, mer et net gemaach hätten. Well trotzdem si mer frou eise Memberen d' Méiglechkeet ze bidden bei de Concours'en Deel huelen ze kënnen déi vun der FLPA ënnerstëtzt ginn.
Et ass wéi ech sot dass, nëmmen well mer an der FLPA sinn, eis net komplett (!) dem System wëllen ënnerwerfen. Mat dem Saz soen ech awer dann indirekt och dass mer et deelweis maachen fir trotzdem kënnen Deel ze huelen.
Läscht Joer hate mer 2 Leit am Jury, 1x si se geruff ginn wou kee vun denen 2 konnt do sinn.
Ech hun op der läschter Generalversammlung ugeschwat wat ech mengen dass net gutt ass, virun allem och vill technesch Ëmsetzungen. D'Reaktioun war typesch wéi erwaard: "Virschléi si gutt, mee mir brauchen der déi mat hëllefen". Ech weess dat natierlech an si mer ders bewosst, ech kann awer absolut net dofir dass ech vun den iwwer 30 Fotoclib den eenzege sinn den technesch hinnen do vill kéint weiderhëllefen. An op Hëllef vu baussen wëllen se wuel net zréckgräifen. (domat mengen ech elo z.B. sech emol eng sérieux Homepage bastelen ze loossen vun enger Firma, mat 38.000€ Cash geet dat jo gutt). An ech hoffen dass dat elo net zevill arrogant eriwwerkomm ass vu mir aus, mee et ass am Moment e Fakt.
Dovun ofgesinn stéisst een, am Moment nach, op zevill Widderstand aus de verschidde Clib. Mir hu jo vill geschwat mat Leit aus anere Clib an konnten eis eng Meenung maachen. Wann allgemeng gesot gëtt et misst méi gemaach gi fir jonker ze interesséieren dann seet nach jidfereen "jo genee", wann ech dann awer soen dass d' Federatioun an d'Clib missten hier Astellung änneren fir dass jonker erëm méi drun interesséiert ginn, dann stoussen ech op Widderstand, well hinnen no, ass emol mäin Androck, sinn et ëmmer nach déi jonk déi sech hinnen sollten upassen an net ëmgedréint.
Mir kéinten un der lëtzebuergescher Fotografie vill änneren, respektiv nach méi well eigentlech hu mer jo scho vill geännert / bäigedro. D'Zäit dofir huet awer vun eis kee wierklech, well et muss ee jo ëmmer nach bedenken dass jidfereen am Comité dat ganzt nëmmen fräiwelleg mécht nieft de Studien oder der Schaff. Sech fir en Hobby asetzen ass gutt, wéi wäit ee geet muss eben jidderee fir sech selwer entscheeden.
__________________ 404 - Not found
|
|
21.05.2011 23:04 |
|
|
|