Mojoo unregistriert
|
|
"Do kann ech ierch net wéiderhëllefen"! Lo roodt eemol wou ech den Mëtten war. Richteg! Am Hifi.
Ech sichen een FM Transmitter fir d'Musek vun mengem iPod am Auto lauschteren ze kënnen. Wei iwwerall kritt een och hei vill verschidden Produiten, zB den Griffin iTrip, den Belkin TuneFM, den Belkin TuneBase FM oder den Kensington iPod FM Transmitter.
Et ass net dass ech am Hifi kloer Hëllef erwaard hätt mee ech war mir trotzdeem 3 deer FM Transmitteren ukucken, weieng genau et waren wees ech netmei. Weigesoot huet mir den Vendeur ob meng Froo ob waat et dann bei esou engem Produit giff unkommen gesoot hien keint mir net weiderhëllefen well hien dei nach net probéiert hätt (hien huet desskéier mol net d'Beschreiwung vun der Këscht oofgelies!!).
Meng Froo(en) un ierch: Ob waat muss ech oppassen? Gin et do iwwerhaapt Ennerscheeder (ausser vum optëschen)? Ech hun well esou een FM Transmitter gesin (ech mengen et war een Griffin iTrip) an d'Resultat am Auto och héieren an war relativ geschockt well d'Qualitéit miserabel war, den iPod huet och guer net dierfen wakelen soss war nemmen nach Rauschen ze héieren. Ass d'Qualiéit awer trotzdeem garantéiert wann een eventuell eng aaner Frequenz sicht?
Merci fir äer Rootschléi. Wann nach een eng besser Méiglechkeet kennt den iPod mat der Stereosanlage vum Auto ze verbannen schreiwt dat roueg. Ech wees nämlech nach vun enger Alternative wou een awer een Line-In Agang brauch an ech wees net ob esou een am Auto drann ass (oder huet all Auto/Stereosanlage soueen? Do sin ech iwwerfroot).
Ajo iwwregens: Ech hun den Hifi-Vendeur mei spéit nach gefroot ob d'Qualitéit dann garantéiert wier bei esouengem Transmitter oder ob et kann fiirkommen dass et zevill rauscht: "Also dei dei mir hei hun dei sin ganz gudd, d'Qualitéit vum Klang ass super!" An daat noodeems en firdrun zougin huet dass en keng Ahnung hätt.
P.S. Mat Alternative mengen ech net een Harddisc an den Auto anzebauen, ne Johny
!
|
|
28.09.2007 15:50 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Just als Randbemierkung.
Därf esou en Transmitter iwwerhaapt hei am Land benotzt gin? Et as jo u sech näischt weideres wéi e Radio-Störsender. Ech weess, dass mer eng immens strikt Reglementatioun hei am Land hun wat Sendere betrefft. Wat een an de Buttécker ze kafe kritt as nët onbedingt erlaabt.
D'Chance dowéinst Problemer ze kréien as zwar immens kleng, mee d'Protokoller fier de Betrieb vun enger illegaler Funkanlag sin säfteg, a frot nët wéi säfteg.
|
|
28.09.2007 16:29 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
ha lo kann ech mol eng Keier weiderhellefen *ggg* wann och net vill ;P
maja.. d'gin un sech 2 Haaptzorten un Transmitteren: dei eng dei der der Strum vun iPod suckelen an dei deis de kloer iwwert dain Zigarettenuschlossziips kanns uschleissen. Dei eischt Kategoerie geng ech der scho mol net uroode well obschon se vlaicht eng Zait laang am Auto haalen..duerno klemms de raus an den iPod as alle well se nawell zimlech vill Batterie suckelen dei Denger.
Waat lo d gestzer ubelaangt..jo bon.. kanns der jo denke waat ech dovunenr haalen a wei ech mech drun haalen. En Trnasmitter as genou schnell am Oofdeckfach verschwonn wei en Handy
Lo zur Iwwerdroung. Ech hat bis elo 3 verschiddener. All Keiers aaner Marke wees awer nemmei wei eng. Waat ech bei alle festgestallt hu war: d Qualiteit vum Sound kennt NIE un daat ru wei bei soundsystemer deis de iwwert e line-in kriss.
Waat koomesch as: den Transmitter send jo am Fong just vum Transmitter ob deng Antenne an awer kriss de oft wanns de duerch en Dall fiers Steierungen a Rauschen. Hat daat bei all Model bis elo. Den iPod hin an hier reckelen helleft do koomescherweis effektif e bessi obwuel ech ett net verstin.
Waat natierlech wichteg as falls de dech net ploe wells: du solls eng Funktioun dran hu fier verschidde Channels oofsaven ze kennen deis de per einfachem Knopfdruck kanns switchen ouni laang missen nei frequenzen um Transmitter mussen anzestelle well wahrend dem Fueren as daat stresseg.
Kloer as: op verschiddene Plaaze si senderen dei soss frai so beluecht well do en aanere Sender send..wanns ze zB an en aanert Land fiers oder sou do keints de dann suguer den 92.5 huele well dei jo net bis dohinner senden.
Rauschen hues de emmer. Wann och net vill. Op Plaazen as den Empfang super , op aaneren eben net sou....
Wei gesoht: dei 2 wichtegst Saache fier mech sin: alimentatioun a fast-channel switching.. mam Rausche mus de mengen ech liewe kennen ...gleewe kaum datt daat sou extrem vum transmitter oofhaengt , ka mech awer beis iere mee do misst ee schon tester liesen an sou... oder line-in mee do sin ech och iwwerfroht ^^
cheers happy iTunes
|
|
28.09.2007 17:28 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Oh also dass esou een Transmitter hei am Land guer net erlaabt ass wosst ech net!
@CHAREL: Ech haat iwwert dei Variant eppes um Internet gelies, hun awer keen Kassettenspiller an mengem Radio. Merci awer
!
@Garry: Wäer natiirlech schon mei profitabel wann sech den iPod och nach giff oplueden während dem Spillen an net komplett entlueden. Ansëch schwetzt alles fir een Line In Produit, zumools weinst der Qualitéit vum Sound (dei mir schon wichteg ass). Ech gin dono mol kucken ob ech een Line In am Auto hun.
Aanerwärts kaafen ech mer einfach emol een FM Transmitter - sin jo net esou déier - an probéieren et aus, mee ech wees elo schon dass ech genervt wäert sin wann et emmer rauscht an Stéierungen drann sin. Merci mol Garry
.
|
|
28.09.2007 18:49 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
also ech hun coh scohns un esou een transmitter geduet, mee ech waarden mol bis (warscheinlech) ee fir deen neien nano eraus as, mee ech sin emmer méi schaarf drop mer ee radio mat line-in ze kafen, vu dass ech mer souwisou een neie kafe muss.. as schon zimlech praktesch, wann ee bis déi sämtlech library am auto lafen huet. as as secher manner geféierlech -wat 't oflenkung ugeet- wéi een CDplaxer mat enger riesecher CD-mapp
also fir mech: transmitter, fir de fall dass eppes gescheites op de maart kënn, an anerwäets line-in kabel, a fäerdech ...
(falls een dee line-in am radio huet: et gett esou kasetten mat enge kabel drun. do mecht een 't kassette an 't kassettefach an de kabel an den ipod. quali as fläit net besser wéi de line-in, mee secher besser wéi de kabel. ( http://catalog.belkin.com/IWCatProductPa...oduct_Id=153161 )
__________________
|
|
28.09.2007 23:32 |
|
|
|