Thema: Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen |
gloda
Antworten: |
6 |
Hits: |
50.884 |
|
|
Super, do sinn ech lo frou iwwer d'Hëllef déi ech gebuede kréien. Ech hu gekuckt wat déi zwee Objektiver weien, a well et just 20g Ënnerscheed sinn mellen ech mech da mol (op direktem Wee) beim Johny.
|
|
Thema: Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen |
gloda
Antworten: |
6 |
Hits: |
50.884 |
|
|
Salut,
Ech géif mer gär e Wäitwénkelobjektiv fir Canon Vollformat ausléinen fir am August 2016 2 Woche mat an d'Vakanz ze huelen. Eppes méi wäites wéi 24mm wier ideal, awer et soll kee Fisheye sinn. Fir dee wou mer aushëlleft soll et natierlech net ëmsoss sinn, an dat gutt Stéck gëtt verséchert
|
|
Thema: Fotowettbewerb "Go Inclusive" |
gloda
Antworten: |
0 |
Hits: |
33.061 |
|
|
Bis den 30. August leeft nach de Fotosconcours "Go Inclusive – Menschen mit und ohne Behinderung gemeinsam im Bild" organiséiert vun der Ligue HMC. D'Detailer an d'Bedingunge fannt der hei:
http://www.go-inclusive.net/fotowettbewerb/
Ze gewanne gëtt et de Juryspräis (d'Bild gëtt ausgestallt) an e Publikumspräis (Suen). D'Biller déi ageschéckt ginn ginn dono vun der Ligue HMC an hire Partner benotzt.
|
|
Thema: F"@!in' Banding |
gloda
Antworten: |
2 |
Hits: |
27.579 |
|
|
Weis eis dono w.e.g. en Vorher-Nachher, dat interesséiert mech.
|
|
Thema: Bletz Extender fir Natur Fotografie |
gloda
Antworten: |
2 |
Hits: |
26.099 |
|
|
Bedenk dass mat denger 1DX wann s de mat d'Blëtz schaffs déi séiertst Verschlosszäit 1/250 ass. (Ausser fir wiessels op FP Modus, mä da verléiers de erëm Luucht). Bei Tele Brennwäiten a bei Déieren déi sech séier bewegen ass dat meeschtens en Nodeel.
|
|
Thema: Gorillapod |
gloda
Antworten: |
8 |
Hits: |
34.578 |
|
|
Ech hunn den DSLR Modell. D'Modeller drënner hunn en "Hals". D.h. déi puer Gelenker ganz uwen droen d'Gewiicht eleng amplaz dass et op dräi Been verdeelt ass. Fir eng DSLR géif ech also dee Modell empfehlen. Si hunn och nach een driwwer fir Filmkameraen, mä dat ass warscheinlech méi wéi s de brauchs.
Fir der eng Iddi ze ginn: Ech hunn den Gorillapod scho mol mat der 5D mat Batteriegrëff an 70-200 2.8 un e klengen Bam geklemmt. Kee Problem. Ech hunn der Mëttlerweil 3, wéi de MetalBambi seet fir d'Blëtzer.
Alles wat ähnlech ausgesäit mä net vun Joby ass sinn onlizenzéiert Kopien. Bei eppes wou ech mäi Fotoapparat drunhänken spueren ech net gär um falschen Enn.
|
|
Thema: Foto vun der Woch |
gloda
Antworten: |
7 |
Hits: |
35.870 |
|
|
D'Fotoe ginn aus dem "Pool" vun deenen déi iwwert d'Woch net-anonym eropgeluede goufen nominéiert. Et ass net méiglech réckwierkend d'Leit vergiessen ze loosse ween se gemaach huet, respektiv spontan Visiteuren dovun ofzehalen et ënner "Neist Fotoe kucken" erauszefannen wann se wéilten. Dee System hu mer jo och, mä fir d'Concoursen, wou d'Biller dann awer am viraus net anerwäerts um Site gewise ginn.
|
|
Thema: Refus |
gloda
Antworten: |
186 |
Hits: |
380.527 |
|
|
Zitat: |
Original von Nathalie
-wei soll een eng kritik kreien bei eng Foto, wou dann mol net ungeholl get? |
Ouni Filtrage géif ech mech net ameséieren duerch all d'Fotoen ze kämmen a guer keng Kommentare schreiwen. Ech maache mer och keng Méi eng Kritik ze schreiwe bei Fotoen wou ech den Androck hunn de Fotograf huet sech keng gemaach. De Fakt dass Fotoe refuséiert ginn féiert dozou dass méi Leit méi nëtzlech Kritik kréien.
|
|
Thema: Botzen vum Sensor vun der DSLR |
gloda
Antworten: |
4 |
Hits: |
35.028 |
|
|
Tiens. Bon d'Iddi war dass de iwwer d'Forum Sich eppes fënns wat der hëlleft. D'Thema ass schonn oft diskutéiert ginn. Klick uewen ënnert dem Banner op "Sichen" a gëff als Stéchwieder "Sensor" a "botzen" an.
|
|
Thema: Concours |
gloda
Antworten: |
185 |
Hits: |
518.385 |
|
|
Mengs de iwwert de Thumbnail an der Iwwersiicht? Well wann s de drop klicks steet e jo do.
|
|
Thema: ND Filter |
gloda
Antworten: |
12 |
Hits: |
38.475 |
|
|
Ok, mam EXIF kann een elo ongeféier schätzen wat fir een ND Filter et war.
Kuerz Äntwert: ND 3.0 wéi de Johny an de Galileo en hunn.
Lang Äntwert:
Wa mer dovun ausginn dass et en Dag mat ville Wolléke war gëlt d'Fauschtregel Blend f/8 an e Shutter Speed vun 1/ISO. Säin ISO ass 100 also kréie mer als Basis f/8 bei 1/100. Vun 1/100 op 80" sinn et 13 Blenden, mä vun f/8 op f/22 sinn der neess 3 fort komm, da bleiwen also 10 Blenden Ënnerscheed vun der Fauschtregel zum EXIF. 10 Blende manner kritt ee mat engem Filter mat enger 'optical density' vun 3.0 huet.
Natierlech, wann d'Foto spéit Owes gemaach gouf huet e vläicht iwwerhapt keen ND Filter benotzt. Méng Rechnung huet sech op déi Zäit bezunn wou et hell ass.
|
|
|