Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gletschertour

 
All Fotoen an dëser Serie:
46515 Thumbnail
46516 Thumbnail
Gletschertour
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.01.2019
  • Gekuckt:
    72023
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    September 1997
  • Fotoapparat:
    Sinar f2 4x5 Inch
  • Objektiv:
    Apo Symmar 150mm
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ
Heliopan R29
Pentax Digital Spotmeter

Kodak T-Max 400 entwéckelt no der Kippmethod am Kodak HC-110

Fir anzesetzen: [pg_img=89692]
Kommentar vum Fotograf:
Virun 22 Joer nach mat der 4x5 Inch Groussbildkamera um Gletscher beim Allalinhorn ennerwee. Inspiréiert vum Georges sengen herrlechen analogen Opnahmen hun ech einfach emol eppes probéiert. Vu dat ech kee Scanner hun, awer no engem Reportage vum Roberto Casaveccia am "fine art printer 4/2018" wou een als Alternativ den original Negativ och kann offotograféieren an duerno am PS muss emwandelen hun ech dat emol als Test probéiert. Ech hun och kee Liichtpult an dowéinst improviséiert, an als Liichtquell mäin Faarwkapp vu mengem OMEGA 5x7 Inch Vergréisserer, ee Super Chromega E Dichroic II benotzt. Bon, déi Onmass vun Tounwärter, Detailer a virun allem d'Schärft déi an esou engem 4x5 Inch Negativ stiéchen sin iwwer dëse Wee an ouni professionelle Scanner onméiglech ze vermëttelen, en Essai war et fir mech perséinlech trotzdeem wärt.
Nicon07 18.01.2019 - 15:54
Fir d'éischt mol: Chapeau, fir eng 4X5 Cam mat op eng Biergtour ze huelen. Do has du awer deemols Grings geglëscht, oder? Mais wann een no der Perfektioun sicht, deemosl konnt een nach nët met engem knapps 1 Kilo schwéieren Equippement mat 48 mpx fotograféieren... Wann een dann de 4X5 Negativ mat héichpixelechem Material offotograféiert, da kann een di Originalqualitéit awer rausspiiren. Awer fir et op engem Ecran ze kucken, sief et Retina oder soss eppes ähnléch Guddes, dofir brauch een dann awer net all di vill Pixelen. Dat ass jo de Paradox vun der digitaler Fotografie. Wann een net wëlles huet, vu séngen digitale "Positiver" Prints vun op mannst DIN-A2 ze maachen, mais just Biller fir op maximal 2000 X 2000 px 72 ppi op engem vun hanne beliichten Ecran ze kucken, déi en plus nach mat jpeg kompriméiert goufen, da brauch een di Leeschtung eigentléch net. An awer, qui peut le plus peut le moins: et mierkt een an déngen zwou Fotoen hei, wat fir een high-qualitiy material au détongueart (nee, ech hun hei keen Zong streck raus emoji gemaach, just ee banalen onschoellege P ...) war.

Super!
marker 19.01.2019 - 10:58
Mat Grings geglëscht trëffs dëtt bal op de Punkt, zemools während de Vakanzen an den Touren an de Bierger, dat war eng regelrecht Schënnerei, an hat mat Vakanz net méi vill ze din, mäi wéinst de Resultater hun ech et trotzdem e puer Joer duerchgezunn. Ech war seinerzäit esou vun dem grousse Format faszinéiert dat ech mech dru gin hun esouguer selwer eng Kamera ze bauen an z'experimentéieren ier ech mir 1997 eng RICHTEG geleescht hun.
Ganz kloer hues de Recht dat d'Opléisung nom Digitaliséieren vun engem 10x15 Zentimeter Negativ absolut net geduecht fir nees no ënnen ze scaléieren an duerno um Ecran ze betruechten. Meng deemoleg Favoritten hun ech selbstverständlech all op klasseschem Wee mat vill Handaarbecht plus vill Zäitopwand a menger eegener Duka entwékelt an op Baryt vergréissert. Ech wolt hei awer mol probéieren wat mat mengen bescheidenen Mëttelen sou ze machen ass.
Richteg applizéiert, mat Scanner, oder wéi no dëser Method mat LED-Liichtpult an héichopléisend Macroobjectiv ass dat Ganzt awer sécherlech eng Decouverte wärt, an esou betruecht hues de hautdesdaags d'Méiglechkeet mat neien Techniken een héichwärtege Print vun esou Negatven ouni Duka "déijéineg wou dann iwwerhaapt eng besiess hun" a Chemikalien ze realiséieren, ..net ze schwätzen vum Virdeel vun exakten reproduzéierbaren Resultater, wat demols op reng analogem Wee bal net ze machen war, an en plus och nach mat ganz vill Materialausschoss vebonnen war.

Merci villmools Nico, fir deng Appreciatioun, respektiv däin Avis a Gedanken zum Bildprozess.
Paul-H 18.01.2019 - 16:04
Ech hun niemols mat sou eppes geschafft an kann et deemno net beurdeelen. Waat ech awer kann ass dass der do immens vill Arbecht gemaach hues an d'Resultat ass einfach nemmen top!
Dem Nicon07 gin ech awer och 100 pro Recht waat d'Pixelen fréier an haut betrefft.
marker 19.01.2019 - 11:00
Merci villmols fir däi Kommentar Paul, a wat d'Pixelgeschicht betrëfft, do hun ech dem Nico schon geäntwert.
gemu 19.01.2019 - 10:56
Wéi oft ass op dëser Plaaz scho geschriwen gin "ganz groussen Kino". Awer hei hues du noch eng Schëtonguep (mat 2 P) drop geluecht, daat ass Ganz Ganz Groussen Kino XXXL Marc wat's du hei weis a wéi di Foto entstanen ass. Mat enger Groussbildkamera um Gletscher, il faut le faire. An ech beschwéiere mech schon ëmmer zevill (am dueblen Sënn vum Wuert) wann ech mat der Hassi vum Männlichen op d'Kl. Scheidegg spadséiren. Mee bon, du has keen anere choix, deemmools gouf et nach keen Handy fir Fotorn ze machen. closed_eye Eng Draamleeschtung Marc, Chapeau, schléissen mech do Nico an dem Paul un
marker 19.01.2019 - 11:42
Ech well elo net onbedingt vu Leeschtung schwätzen, et war éischter eng Plo, déi ech awer deemools gären op mech geholl hun. Chapeau verdingt éischter meng Fra, déi op bal all den Touren mat dobäi war a sech stonnelang d'Been an de Bauch gestanen huet beim Waarden.
Entretemps geet et mir awer och net vill aneschters, esou "fir meng Konditioun, a mäi Level geféierlech..!!" Touren machen ech schon säit geraumer Zäit net méi, a si säit 2005, wou ech mir meng éischt digital Kamera zougeluecht hun nach meeschtens just mat méi liichtem Gepäck ënnerwee.

Och Dir ee grousse Merci gesot Georges, fir dee generéise Luef.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online