Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gefiller

 
All Fotoen an dëser Serie:
45517 Thumbnail
45518 Thumbnail
45519 Thumbnail
Gefiller
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.11.2016
  • Gekuckt:
    48596
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    2016.11.21
  • Fotoapparat:
    Nikon D800
  • Objektiv:
    150 Sigma
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87475]
Kommentar vum Fotograf:
Selbstbewosst Verstéiert an Impulsiv
Eng Drëpsen Technik déi sech Fontänen Nennt. Wou e Strahl hei mat ongeféier 3 bar 12 Dausendstel Sekonnen vun ënnen aus dem Waasser eraus geschoss geet. Fir dass Waasser eng roueg Struktur behält. An mat den Drëpse duerch den Drock zimlech hefteg kollidéier.
MsJarryman 24.11.2016 - 23:33
All Respekt fir déi Arbescht do.
Conley 25.11.2016 - 23:58
Dat Freet mech ze liesen! Merci gesot MsJarryman!
Jean-Marie 25.11.2016 - 09:55
dei 3t gefàllt mir vun der Form hier am beschten, super Arbecht
Conley 26.11.2016 - 00:32
Schéin dass grad déi dir am beschten gefält. An dat freet mech besonnesch! Déi entstinn bei dëser Technik méi heefeg. Awer eng roueg Foto mat där Technik usprochsvoll an douce ze weisen war hei mäi perséinlecht Zeil.
Mercie gesot Jean-Marie!
Jean-Marie 27.11.2016 - 10:40
Jiddereen huet jo eng aner Imaginatioun wann een eng Foto kukt, an ech gesin an der 3ter eng bessi mei mokkeleg Madame , dofir huet dei mech am meeschten impressioneiert smile
Conley 27.11.2016 - 14:13
Dat ass richteg! Ech hat am Ufank eigentlech och un verschidden Modelen geduecht. Hunn mech dann awer fir dësen Titel entscheed. smile
m-otiv 25.11.2016 - 09:56
Supper Aarbecht... Matt di bescht di ech bis elo gesin hun
Conley 26.11.2016 - 00:44
Deng Modelen fannen ech perséinlech vill méi schéin! Mee di sinn awer och méi gedëlleg closed_eye
Merci fir de Komentar m-otiv!
jorsch 25.11.2016 - 16:52
Déi dezent Faarwe ginn de komplexe Forme vum Waasser Eleganz a Liichtegkeet.
Déi technesch Präzisioun mécht de Rescht.
Eng super Aarbecht!
Conley 26.11.2016 - 01:13
Villmools Merci jorsch, fir deng präzis Analys vun de Biller, an däin Komentar mecht och Loscht sech weider mat dem Thema Drëtonguesen Fotografie ze beschäftegen!
Jean-Jos 26.11.2016 - 01:38
D E R H E L L E W A H N S I N N
D'Nummer 1 ass genial!
Conley 26.11.2016 - 15:07
Dat ass och mäin Fav. Merci fir de Kommentar Jean-Jos!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 298 Gäscht online