Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Up and down

 
All Fotoen an dëser Serie:
43952 Thumbnail
43953 Thumbnail
Up and down
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2015
  • Gekuckt:
    26408
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    28/7/2015
  • Fotoapparat:
    Sony Nex 7
  • Objektiv:
    Sony Zeiss 24mm, 1,8 Sonnar
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84062]
Kommentar vum Fotograf:
Dëst ass Trap am Useldenger Schlass, Realisatioun Atelier B, Christian Barsotti an Giuseppe Giannini, sie hun hei deenen aalen Gemeier op eng genial Manéier mat modernen Akzenter e neit Liewen agehaucht. Den Entree ass gratis, an e Besuch lount sech, op alle Fall.
Zora 19.08.2015 - 21:57
Uiiiii lo hues de een Nerv bei mär getraff, wat eng geil Trapp, superclosed_eye
MsJarryman 19.08.2015 - 22:17
2X Merci Zora, géi kucken, do sin och Hexen verbrannt gin, ëmmer gutt oppassen op esou Platzen, seet mäin Mann ëmmer smile
Zora 19.08.2015 - 23:42
Ohhhh dann gin ech leiwer net, haha, ass ganz interessant, mercismile
BigVood 19.08.2015 - 23:48
War haut mam Velo do...muss mir dat déi nächste Kéier mol ukucke goen.
Ech hat gemengt et wier e Makro vun engem Maschinnendeel.
MsJarryman 20.08.2015 - 10:15
Merci BigVood, géi roueg kucken, et lount sech smile
FraSi 20.08.2015 - 00:51
No 2 gefällt mir in der kontrastreichen Darstellung besonders gut! - Ich hätte es nur ganz in SW umgewandelt.
MsJarryman 20.08.2015 - 10:20
Vielen Dank Frasi, an den Farben habe ich eigentlich nichts geändert, ich kanns mal versuchen, bin jetzt für ein paat Tage nicht am grossen Rechner.
Jeanny 20.08.2015 - 06:42
dei Zweet gefällt mir nach en tick besser,
MsJarryman 20.08.2015 - 10:22
Merci Jeanny, et freet mech dat ze liesen.
gemu 20.08.2015 - 08:06
Excellent di zwou, di zweet ass graphesch nach méi flott
MsJarryman 20.08.2015 - 10:26
Oje, merci Gemu, ech hun elo laang gezweifelt, op ech se iwwerhaapt soll weisen, dofir freet et mech ëmsou méi dat se gefalen smile a merci och fir de Fav.
Pit 20.08.2015 - 08:26
Déi gefalen mer allen zwou ganz gudd. Flott Perspektiv, den Cadreage stemmt an am SW souwisou gudd.
MsJarryman 20.08.2015 - 10:29
En decke merci Pit, dat freet mech, et ass eng herrlech Trap.
Sutebe 20.08.2015 - 09:49
Papa muss ob useldeng... smile

Wees net weieng me besser gefaelt .. dei eicht ass schein metteg an dei zweet huert mei eng intressant atmosphäre... Schweier ..

Ob de deichter haet ech dei 2 linnen ennen "ob 5 ob halwer" entsaettegt "fuarf raus dann sin se net sou dominant"

Dei zweet haet ech direkt am SW gemach .. smile
MsJarryman 20.08.2015 - 11:03
Merci Sutebe, ech probéieren emol op dat eppes gëtt, meng SW gin nähmlech ëmmer gro gro smile, déi zwou Linnen hu mech elo net gestéiert, ech probéieren awer,op dat net ze eintöneg wierkt.
Miau 20.08.2015 - 10:24
Architect, war dat net den Christian Barsotti? Tip top Opnamen, surtout di 2.
MsJarryman 20.08.2015 - 10:51
En decke merci Miau, et freet mech datt se gefalen. Ech hun op der Gemeng ugeruf, do ass keen do bis déi nächst Woch fir mir et ze soen, dee Mann gehéiert genannt, huet wierklech eng super Arbescht gemach.
Sutebe 20.08.2015 - 12:19
Architecte : Atelier B, Giannini architecte, NJOY hun ech mool font
MsJarryman 20.08.2015 - 14:37
Merci Sutebe a Miau, hun elo beim Basotti ugeruf, dat stëmmt, hien huet dat zesummen mam Giannini realiséiert.
jorsch 20.08.2015 - 11:33
Exzellent Trapebiller. Di zweet ass méi geheimnisvoll an duerfir villäicht méi flott.
MsJarryman 20.08.2015 - 11:41
En decke merci jorsch, dat freet mech smile
Abacab 20.08.2015 - 14:50
Di zweet gefält mer besonneg gutt!
Gutt geschafft MsJarryman!
MsJarryman 20.08.2015 - 15:00
En decke merci Abacab, hätt net geduecht datt déi géifen gefalen, war mir guer net sécher smile
marker 23.08.2015 - 12:01
..ganz flott gewisen MsJarryman, a fläicht dowéinst e bessi speziel well nach ee liichte Faarwakzent an de Biller present ass. Good job..!!
MsJarryman 23.08.2015 - 13:28
2X en decke merci marker, ech hun se am SW probéiert, an och op déer éischter déi zwee Strichelcher ofgedonckelt, mee mir gefale se och esou am beschten smile
He-Lx 23.08.2015 - 18:38
Schéint Seeblat
BG Henri

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 300 Gäscht online