Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

INTO THE LIGHT

 
INTO THE  LIGHT
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (21.05.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.05.2014
  • Gekuckt:
    30080
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    10 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1468x2000
  • Späicherplaz:
    641 KB
  • Originaldatum:
    2014:05:21 15:59:06
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78617]
Kommentar vum Fotograf:
Manta nuets beim Friessen :-)

Konnten eng Stonn laang den Déieren hier Gesellschaft genéissen déi sech guer net un eis gestéiert hun an deels sou no bei eis koumen datt mer se praktech hätten kennen heemelen.

D'Luut déi een op der Foto gesäit as den Spot vun eisem Tauchboot deen erofgeliicht huet.

Hoffen et gefällt ;-)
Aiello 21.05.2014 - 16:48
Mega ...

Hues de dei aus dem Boot ennen gemach, oder selwer getaucht ?
Nemo 21.05.2014 - 16:56
Merci villmols Aiello!! closed_eye

Selwer getaucht natierlech. As vum Fong aus no uewen Richtung Boot geknipst smile
livingpixels 21.05.2014 - 17:38
Flott, gesait aus wei science fiction (Ufo)
Nemo 21.05.2014 - 17:43
Hehe jo effektiv smile
Freet mech dass se der gefällt !!
disGraziana 21.05.2014 - 17:44
wollt ech och grad soën. Top Foto! Geng mech nët wonneren wann se nächst Woch also Foto vun der Woch gewiëlt gett!
Nemo 21.05.2014 - 17:45
Villmols Merci disGraziana!! closed_eye

Dann drécke mer alt d'Daumen smile
gemu 21.05.2014 - 20:11
Excellent di doten an KLICKEN ass e must, gesäit effektiv éischter aus wéi een UFO, aus der Perspektiv hätt ech elo net op een Manta getipp. Super aussergewéinlech Opnaam
Nemo 22.05.2014 - 10:24
Villmols merci Georges, och fir den Fav' !!

Jo et as eben net déi gängeg Pespektiv, eben well de Manta beim Friessen Loopingen geschloen huet an dofir eben de Sport uewen mat drop komm as. smile
gemu 22.05.2014 - 10:37
De Spot mécht et aus Steve, ouni deen géing d'Onaam net esou mystesch wierken
Nemo 22.05.2014 - 10:49
Majo, haat eben Chance dass grad dee Moment wou den Manta sech gedréint huet de Spot ideal "an séngem Fliléck" loung. smile
Maimonides 21.05.2014 - 20:18
Une carrosserie vintage
pour un être vivant
qui, tranquillement, nage ...

Et un photographe, Nemo.

Top di do.
Nemo 22.05.2014 - 10:25
Merci Maimonides !! smile

Och fir däin klengt Gedicht a natierlech fir den Fav !! closed_eye
MsJarryman 21.05.2014 - 21:03
Ech hat, bevir ech den Text gelies hat, gemengt et wär en Alien. Super déi Doten.
Nemo 22.05.2014 - 10:27
Oh et huet schon irgendwéi bessi eppes vun engem Alien wann et der sou iwert de Kapp huscht smile

Merci villmols fir däin Kommentar MsJarryman !! closed_eye
mischii 22.05.2014 - 00:50
Dee schielen ET
Super, !!!
war och schon sou engem beim Schnorchelen op de Maledive begéint, daat si wierklech Ufoen!!!!
mat hieren 7m Spannwäit kann een schon Angscht kréien, do fillt een sech nach ganz kleng
Nemo 22.05.2014 - 10:29
Merci mischii !! smile

Haat mer geduet datt dat heiten Dénges wier. closed_eye

Hei war och op den Malediven, do hues de alt nach wirklech gudd Chancen den Mantaen ze begéinen.
Metalbambi 22.05.2014 - 13:20
Ultra béis Foto! Probéier mol nach en bëssen an Ps drun ze spillen, ech mengen do kanns de nach vill méi raushuelen. Dann kriss de nämlecht en richteg gutt Bild do raus! smile
Nemo 22.05.2014 - 14:48
Thanks Metalbambi!! smile

Hun zwar schon bessi dru geschafft, mee kucken da mol waat sech na maache léisst closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 282 Gäscht online