Gleewen ech dir nèt.(Anfängerglèck). Villeicht sin et déi éischt déi gudd gin sin..... an daat sin se definitif. Hun et selwer oft probèiert awer sou gudd woren méng nèt. Tip Top.
Merci Clod,freet mech wann se gefalen
Hun mech vielleicht falsch augedréckt, mee dess zwou Fotoen sin an neger Zeitspan vun 10 Minuten geholl gin. An et war effektiv déi eischten kéier das ech probéiert hun well se noh beim Ufer op enger Plaz geschwirt sin, souzesoen am Standfluch.Et gehéiert natierlech eng Portioun Gléck dozou das se op enger Plat bleiwen. Vun deenen 20 Fotoen déi ech gemach hun waren der dann 2 derbei déi net schlecht waren. Hun duerno nach e puermol probéiert, mee keng Chance
hues du bei denen "Probelleren" nogehollef, sorry dass ech froen me ech hun nët an der Erënnerung dass déi esou schnell gin .... ech hun se och schon erwëscht, tatsächlech nët einfach awer deng "Probelleren" sin ei genial och wann de Kierper mir eppes ze plastesch - scharf - gemolt fierkënt , esou gesin ech daat .... awer soss tip top erwëscht
Merci Nicole
Un den Probelleren ass neischt geännert gin, am Standfluch gin se warscheinlech méi schnell(sin mer awer net secher). Sie gesin en bessen plasstech aus well d'Lucht schon zimlech hart woar an nach just um Limit fir eng anstännech Foto ze machen.
Immens flott,
am Fluch dat ass net evident,
an totzdem schein scharf,
mir gefällt dei 1scht besser well een do deen ganzen Insekt plus Fligelschlag geseit
Mat där klenger Blend huelen ech un dass et just nach een klengen Ausschnëtt vun der Foto ass, wou dann jo och leider Detailer verluer ginn. An mam 105mm Makro ass dat awer schonn eng Leeschtung et esou fäerdeg ze bréngen! 70-200mm wir meng Idee bei esou Fotoen ? Luucht ass haart sees de jo selwer. Di éischt ass der awer gutt gelongen Jacques! An Zoufall alleng, geet fir mech net duer, et muss een schonn seng Kannera kennen!
Merci Roger
70-200mm wär besser gewiercht, mee deen Dach hatt ech net viergesin fir sou Fotoen ze machen an hat leider just den 105mm derbei. Secher kann een do nach ganz vill besser machen an desst Joer wärt ech dat och probéieren