Merci gtaddei
Dat war hei esou gewollt
d'Schäerft nëmmen op enger Drës ze hun.
Fir bei dëser Foto zwou schaarf Drësen ze kréien
hätt ech missen eng ganz zouen Blend wielen,
doduerch wier awer den Hannergrond ganz onroueg gin an Resultat wier
alles anescht wéi perfekt gewierscht.
De Stär op der Mooss Sporenkapsel ass de Glanz op der eichter Drës an och schaarf. An Foto ass ganz gutt Beliicht. An och schéin fräigestallt. Op der zweeter Drës ass dann awer Spigelung méi Schaarf an do gesäit een de Schäerfenverlaf no ënnen op zwou Platzen. Verstinn ech lo net? Ass de Stär réel oder net? Well Lamellen vun der Blend eigentlech méi Stralen missten hunn wéi just véier. Matt der Schäerft ass et Super schwéier! Du lees Kamera jo op, (soen mol um Bounen Säckelchen) dat ass jo selwecht wéi wann's de een Stativ géing's benotzen. D'Schäerft Manuell astellen wann Bedingung et zou loossen maachen ech oft iwwert de Live-View an der Vergréisserung.
L.G Roger
Roger,
et freet mech wann d'Foto dir gefält an
soen dir merci fir d'Zäit déi's du dir geholl hues
fir se esou genee ënnert Lupp ze huelen an am Detail ze
kommentéieren!
Mat Bounensäckelchen an Live-View hun ech bis elo nach net geschafft .
Bei dësen Moosdrësenbiller hat ech einfach den Fotoapparat op den Moos opgeluecht an dat war schon stabil genuch.Fir déi richteg Blend ze wielen as fir mech ëmmer ganz schwiereg!
Dofir fänken ech ëmmer mol mat engem mëttleren Blendenwärt un, an schaffen mech dann erof an erop mat der Blend an doheem um Schierm sichen ech mir dann déi Foto eraus déi fir mech am optimalsten gin as .
Jo,de Stär as reell!
Wat mir awer opgefall as,just bei dëser Blend vun 5.6 gesäit een véier Strahlen,
déi selwecht Foto mat méi zouener Blend do sin vill méi Strahlen ze gesin,
hun awer elo och keng Erklärung dofir.
LG Martine