Psst! Näischt haart weidersoen... Mir ass kee richtegen Titel agefall an ech wollt awer elo net irgend eppes 08/15-méisséches, wéi "Ripplemarks" oder "Le sable se fait l'écho du ciel" schreiwen, an du hun ech an enger spam-Mail vun enger franséischer Wochenzeitung, déi mir all Daag ee Link op hir Internetsäit schéckt (oschon ech se "ofbestallt" (si vous ne désirez plus etc...) hun... souvill dozou) een Interview-Titel gesin, wou ee "berühmten" (ech hun en net kannt) Schauspiller séch selwer di Fro gestallt huet. Dunn duercht ech: Majo, firwat net, dat do kéint een als Titel huelen. Hei ans do sichen ech fir méng Fotoen Titelen, déi op den éischte Bléck mat den Hoer erbäi gezu schingen (an et och sin, ganz éierléch), Mais dat muss esou sin. E bëssen Esprit tordu ass bei mir nët aussergewéinléch...
Mé mat e bessi fantaisie créative (pléonasme) keint én éééééventuell och nach den Titel berechtwaertegen ... oder d'Foto zum titel passen doen ... Mé den owend hun ech neischt gedronk ... an do ass weder Fantaisie nach Creativiteit do,,, PArdon
Et kann een net ëmmer kreativ sin, ob mat oder ouni Waasser... Mais du weess jo, an deene Momenter, wou een d'Inspiratioun schingt verlooss ze hun, ass een am kreativsten. Wann een dann an enger Situatioun ass, wou ee guer net méi domadder rechent, kënnt engem dee Geistesblitz, un deen ee scho bal net méi gegleeft huet. Do brauch een dann och keen Wäin, Whisky oder Vodka... (di Alliteratioun do huet elo misse sin)
Flott Serie, an ech hun eng Preferenz fir No 3.
Déi donkel Tounwerter fläicht en Tic ophellen..??, .. dat mecht d'Biller menger Meenung no méi ''lieweg''..!!
Merci fir de Kommentar. Ech hun di mëttel Téin ofgedonkelt, fir ebe grad méi Düsternës dran ze kréien. Well wann een d'Original banal an s/w ëmwandelt, da sin des Fotoen alles aanescht wéi lieweg. Mais et ass, wéi bei allem, eng Saach vun der Interpretatioun an der Daagesform.
Soss kruuts de hei um Site Feeler gewisen, a konns se da korrigéieren, dat ass leider net mä,?
benotzen och oft den
http://cortina.lippmann.lu/site/modules.php?name=Renderer&age=demonstrateur
Muss mir dai mol ukucken, hu schonns dervun heieren.
Merci Nico