Eng Froo: Fierwaat hues Du net mat der klengster Isozuel fotograféiert, do wier dach nach masseg Sput gewiescht...?
Den Weisofgleich schengt mir e bessen an daat gielt gedrift ze sin. Ech wees net obs du daat absichtlech esou gemacht hues oder...
Merci fir de Kommentar. Ech sinn ëmmer frou, wa mol een nët schreiwt "schéin" ("net schéin" schreiwt souwisou kaum een)
Basis-ISO vum X-E1 ass 200. Den Apparat geet selwer op 400 (oder souguer 800, wann een dat zouléisst) fir d'Dynamik ze verstäerken. Bei jpeg ass dat ganz nëtzlech, fannen ech. An dësem Fall hunn ech d'RAW geholl an zmmlech vill verschafft, do spillt dat keng Roll méi. Wat wir da besser, wann ech mat ISO 200 geknipst hätt ? Rausche mécht d'Foto jo net wierklech ?
Wat de Wäissofgläich ugeet, hunn ech dat effektiv bewoost sou gemeet. Et ass sou, wéi ech d'Bild zu dem Moment gesinn hunn.
OK, wanns Du daat esou erklärs, ech kann awer net ganz richteg novollzéien, dass duerch déi méi héich Isozuel soll méi Dynamik an d'Photo kommen ? Ech sinn elo net deen groussen Spezialist an dem Thema, vielleicht kann jo een vun den "Profien" hei soen wéi daat ass.
Ech sinn emmer dervun ausgangen, dass et enger Photo géif gutdoen wan se mat nidreger Iso geschoss get, wann daat ouni Problem méiglech ass (z.B. Verwackelungsgefor dofier méi héigen Iso wann d'Blend schons ganz op ass). Fier mech ass bei gerenger Iso den Kontrast besser an och d'Faarwen. Mais ech lossen mech awer och beléiren.
Ech sinn och kee Spezialist, dofir hei en Extrait aus dem Test vun dpreview.com:
Like the X-Pro1 the X-E1 has two dynamic range expansion settings to bolster its highlight range: DR200 (200%) adds an extra stop of information in the highlights, and DR400 (400%) adds two stops. Technically, the camera achieves this by applying less amplification to the sensor's output than usual prior to AD conversion to avoid clipping highlight data, then pulling-up the midtones to the correct brightness in JPEG processing. This is essentially the same process as Canon and Pentax use for their highlight-expansion modes.
An alternative way of thinking about this is that DR200 is like underexposing a stop to retain highlights then adjusting the brightness afterwards, and DR400 is like underexposing by two stops and adjusting further. Because of this, the minimum ISO available in each mode is limited: ISO 400 at DR200, and ISO 800 at DR400. The flipside to this approach is shown by ISO 100, which is effectively the opposite; i.e. ISO200 overexposed by a stop then pulled-down in processing. This results in the loss of stop of highlight range - to all intents and purposes it counts as DR50, and should therefore normally be avoided. (Note ISO 100 is only available in JPEG anyway).
Losse mir soen, et wir wéi wann den Apparat déi däischter Beräicher mat ISO 400 an déi hell mat ISO 200 géif fotografieren.
Wanns du vun denen hellen Deeler ausgees, ginn déi däischter méi hell gemeet, am emgedréinte Fall déi hell méi däischter. Du kanns et kucke wéi's du wëlls, am Endeffekt leien déi 2 Extremer méi wäit auserneen wéi wann een déi Funktioun ausschalt. An dat ass jo alles wat zielt
Ech hun de metteg genau dat selwecht fotograféiert, hu meng nach nëtt gekuckt. Hu mer eis da nëtt begéint. Mir ware geparkt bei der Staumauer vum iewechte Baseng ( weisse Focus) Deng Foto gefällt mer ob alle Fall.