Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Blomees

 
All Fotoen an dëser Serie:
34036 Thumbnail
34037 Thumbnail
Eng Blomees
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.01.2013
  • Gekuckt:
    17236
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    2012.12.24
  • Fotoapparat:
    D 7000
  • Objektiv:
    Sigma 50-500mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=70072]
Kommentar vum Fotograf:
mat zwee verschidden Kadragen …sicht iech en aus wann se gefält.
gi87 22.01.2013 - 00:11
Dei 2t gefällt mir am beschten hei ! Flott festgehaalen !
Conley 22.01.2013 - 20:36
Merci gesot gi87...och fir deng Meenung. smile
MR 22.01.2013 - 03:24
Conley , ech perséinlech fannen
déi 2. besser cadréiertsmile
Bei der 1. stéiert mech riets
den Ascht am Bild an och déi méi hell
Hannergrondfaarf déi net richteg
mam recht harmonéiert.
Dat lenkt bessen vum Sujet of fannen ech.
Béi der 2. as den Cadrage super gelongen,
flott mat den Äscht déi an all Richtung gin.
Léiwen Bléck vun der Blomees hues de festgehalen,
genuch Plaz bléiwt hier héi och nach fir ze kucken
an den doucen Hannergrond passt faarflech
gutt bei den Villchensmile
-> Déi 2. gefält mir richteg gutt!!closed_eye
Conley 22.01.2013 - 20:39
Merci fir di Méi déi s de der gemaach hues Fotoen esou genee ze kucken an een Komentar se schreiwen. Du hues dat schonn richteg gesinn an ganz gutt erklärt. An ech sinn och denger Meenung. An der zweeter mescht den Aascht engem de Cadrage eigentlech zimlech einfach.
An deen gefält mir och besser. Op allefall Villmools Merci sinn frou dass se der gefält MR. smile
gemu 22.01.2013 - 07:49
Wonnerschéin, fir mech och déi 2.
Conley 22.01.2013 - 20:44
Villmools Merci Gemu och fir deng Meenung. smile
Jeanny 22.01.2013 - 15:21
ganz schéin hues de se festgehalen, och fir mech däi zweet
Conley 22.01.2013 - 20:55
Freet mech di zweet och fir mech. Een decken Merci Jeanny. smile
TC 22.01.2013 - 16:04
Déi 2. Cadrage fannen am Beschten. Een schéinen Portrait vun der Blomees!
Conley 22.01.2013 - 21:03
Merci gesot TC. Do sinn mir der selwechter Meenung freet mech. smile
Jacques 22.01.2013 - 16:38
Déi zweet gefällt mer ganz gudd Conleysmile
Conley 22.01.2013 - 21:15
Mir gefält déi och am beschten. Merci gesot...dat freet mech Jacques. smile
Zora 22.01.2013 - 17:25
dee zweet sprecht mech méi un, schein!!
Conley 22.01.2013 - 21:31
Schleisen mech denger Meenung un. An Villmools Merci Zora. smile
Ferdl 23.01.2013 - 20:49
Einfach schéin, dee Portrait vun der Blomees'chen! Déi zweet Foto sprëcht, och mech, méi un; an der éischter Foto stéiert mech deen hëllen Hannergrond, riets am Bild..ech froe mech, op et net besser gewiest wär, wanns du d'Foto, riets, nach e bësse geschnidden häss... Egal wéi: D'Blomees'chen ass der schéi "geroden" smile
Conley 23.01.2013 - 22:32
Ech loossen gären en bëssen méi Platz do wou se hi kuckt. Et war mäin echten Versuch mol e Villchen festzehalen. An en hat e bëssen Gedold mat mir. Hunn schonn eng vun him eropgelueden di mir nach besser gefält. Do hätt ech kennen lenks nach 4...5 cm ewech schneiden....Ech hunn mech gefreet däin Komentar ze liesen. An och Villmools Merci fir den Fav. Ferdl. smile smile
Schluck 25.01.2013 - 18:37
Ech fannen den Carré och besser wëll deng Blomees do méi fräigestallt ass mais trotzdem stéiert ët mech dass do nët méi Raum am Bléckrichtung ass .. Ech géif do villéicht awer ee Breetformat machen an dann probéieren mam PS den Hannergrond mam Content-Aware ee bëssen ze anenneren-




Conley 25.01.2013 - 22:54
Méi Raum an Bléckrichtung hunn ech hei schonn oft gepriedegt... hues de bestëmmt och schonn matkritt. Do sinn mir eis eenz. Awer nëmmen en pur Zentimeter an dëser Foto. Content-Aware am PS do hunn ech lo missen nokucken wat datt ass . Am PSe 9...dann och direkt mol ausprobéiert, deen kann dat och am jpeg war awer lo net iwwerzeegen. Loung och villäicht un mir. Schaffen eigentlech nëmmen mam Lightroom 4 an den 5 Nik Plug-ins. Domadder ginn ech en bëssen eens. Mam PS mengs de bestëmmt PS CS 3...4...5...6. oder?? Villmools Merci fir däin Komentar...freën mech ëmmer iwwer Konstruktiv Kritik... smile
Abacab 29.01.2013 - 13:00
E schéine Portrait vun denger Blomees.
No laangem géif ech mech dann och fir di 2te entscheeden.
Conley 30.01.2013 - 18:38
Merci gesot fir deng Meenung..di zweet huet mir och am beschten gefall. Mee sou een oder den aneren Zentimeter an't Vu deet esou enger Foto och heiansdo gutt. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 269 Gäscht online