Fotograf:
Eropgelueden: 19.12.2012
Gekuckt: 15449
Favoriten: 0
Kommentarer: 7
Beliichtungszäit: 1/200 sec
Blend: f/9
Brennwäit: 120 mm
ISO: 320
Blëtz: No Flash
Beliichtung: 0 EV
Kommentar vum Fotograf:
Sou wéi een ët mécht, ass et falsch... Geschter hat ech d'D3200 mat dem 70-200 plus Telekonverter mat op den Tour fir zu Remerschen just Bleeshinger ze begéinen. Haut hun ech "just" d'D700 mat dem 24-120mm am Fourre-tout, an da begéinen ech zu Räichel uewen laanscht d'N 12 an engem nach net ëmgeploutenen Maisfeld des Hoergäns (Kranich, grue, Grus grus). Natiirléch war et net evident, do dee Kadett ze knipsen aus dem Auto raus am Schrëtttempo mat Warnblinkeren un a genervten Autofuerer "an der Mall". Gott sei Dank ass alt eng Foto eiegermoossen eppes gin.
Mais wat déi Hoergäns do ganz alleng do an deem Stéck gesicht huet, an ob se vun deenen aaneren ugestallt gin ass ze probéieren, ob et wéinst dem Klimawandel, an der Tëschenzäit méigléch ass, zu Lëtzebuerg z'iwwerwanteren, dat hun ech se net froe kënnen.....
|
|
Neisten Benotzer:
MandyMAm Ganzen:
3726 keen Benotzer an
476 Gäscht online