Top Foto! Faarwen, Stemmung an Beaarbeschtung sin excellent! Ech hoffen just, dat den Apparat nach liewt... Di 2 Linnen am Feld leeden den Bleck och direkt an d'Richtung vun der bombastescher Donnerwiederwollek.
Giffs de mer veroden, weis de d'Foto ongefeier verschafft hues? As se aus engem RAW oder aus e puer mei?
1 Raw
Hu mol net souvill gemeet bei där hei. Haaptebene duplizéiert, bëssen mat der "Désaturatioun" gespillt an dann experimentéiert mat der "Blending Mode". Soss nach üblech Schrëtt am Ps benotzt...
D'Grass gesäit richteg "lecker" aus, an ech hu puer Landschaftsfotoen um PC, wou ech nach nitt sou richteg wees eppes dermat unzefängen, vu dass ech baal ni Landschaftsfotoen mächen...also daat do gett ob alle Fall mol probeiert learning by doing eben