Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

'um Schoulwee'

 
'um Schoulwee'
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.11.2008
  • Gekuckt:
    44136
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/25
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x786
  • Späicherplaz:
    423 KB
  • Originaldatum:
    2008:09:06 20:00:31
  • Fotoapparat:
    Canon EOS DIGITAL REBEL XT
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=31798]
Kommentar vum Fotograf:
Hun mech e bessi an Fluchtlinnen ausgelooss ... an et brauch mol keen ze wëssen dat daat hei zu Paräis ass, dat geet och hei
OK-Photography 17.11.2008 - 00:42
GUDD ausgelooss!! ;o)
dMotiv (Meedschen) as baal perfekt am (baal perfekten) Quadrat plazeiert an mir gefellt firunallem dei graff Struktur fum Gitter!
dei vertikal Linnen dei an der Deift am Rauschen verlaafen gefaalen mer gudd (hmm...giff een baal mengn ech geiff dRauschen fum Apparat luewen XD)
eenzescht waat mech bessi steiert as den Mangel un Schärft um Meedschen...
daat ganzt wierkt iergendswei antik mee huet defnitiv sain Charme closed_eye
galileo 17.11.2008 - 08:22
Stëmmen hei zou ! Ganz interressant Foto !
elmuzo 17.11.2008 - 22:05
Merci galileo...
elmuzo 17.11.2008 - 22:04
Merci fir deng ausféierlech Interpretatioun ... mee sou an net aanescht ass een dat jo vun där gewinnt ... ech appréciéieren dats de méi genee gekuckt hues an du hues d'Schwächten vun der Prise och messerschuarf analyséiert ... an awer mengen ech (sou wéi ech och schon beim maimonides geschriw hun) dat, minimum eng vun den Schwächten hei och d'Stärkt kéint sin ... nee?
CHEERS
MUZ
OK-Photography 17.11.2008 - 22:45
hmm...messi fir dBlummen ;) (an dobai fannen ech et normal dass en Kommentar struktureiert as etc...;p)
du hues awa Rescht mat der Schwächt dei eng Stärkt as!mengn du weis gudd dass eng super Foto nik emmer aus enger 1DmarkIII muss kommen!! smilesmile
greetz smile
oli
Olivier 17.11.2008 - 09:11
Excellent!
elmuzo 17.11.2008 - 21:58
Merci ... hat dach bal gemengt dat kéint där gefaalen ... closed_eye
CHEERS
MUZ
svenia 17.11.2008 - 12:02
Gefällt mir och immens déi hei.. Se stemmt mech angenehm nostalgech.. flott! smile
elmuzo 17.11.2008 - 21:56
Merci ... svenia ... ass zua net an good old Scotland ... mee do oder hei get dat och ... an d'Nostalgie kriss de gratis mat dobäi ...
CHEERS
MUZ
antoine_spautz 17.11.2008 - 15:18
d format an teinung gefallen mir.
rolleiflex, pareis 1954 geif och passen
OK-Photography 17.11.2008 - 15:51
hehe jops as daat waat ech gemengt hun smile
elmuzo 17.11.2008 - 21:52
Merci Antoine ... du kenns dech besser an denen technechen Saachen aus ... mee ech hun mech beim Postprocessing (ass hei am Fong jhust schneiden an téinen) awer hei bei den Franzousen inspiréiert surprised)
CHEERS
MUZ
antoine_spautz 18.11.2008 - 12:36
hat rolleiflex gesoht well dei an teinung an zait vun der photo passt an weinst dem 6x6 format.
Maimonides 17.11.2008 - 20:49
Dëst ass eng Foto fir ze lauschteren ("l'oeil qui écoute"closed_eye: gidfereen vun eis ass, als Kand (an heiansdo och elo nach), laanscht e Glänner gaang an huet d'Staange spille geloos. Wann ech di do Foto kucken héieren ech déi Musik.
Och wann se aus dem virischten Jahrhonnert ass, bleiwt dës Foto eng vun deene Besten déi ech op dësem Site gesin hun, an erënnert u CB / WR.
Si geet mir ënner de Pelz. (appréciation émotionnelle)
Ween war de Fotograf ?
Meng Félicitatiounen un dësen, mais awer och un dëch dass du eis se gewisen hues.
elmuzo 17.11.2008 - 21:49
Merci, dat éiert mech ongemeng ... an du hues Recht, wéi ech meng Duechter hei gesin hun no virlaafen hun ech gemengt mech ze gesin, mat 8 Joër bei der Brillschoul zu Esch ... Pech oder Chance, ech wees et net, wollt och léiwer méi Schärft um Haaptpersonnage ... mee et sollt net sin ... an awer iergendwéi ass et hei jo och Stilmëttel
Merci fir däin usprochsvollen an emotionell éierlechen Kommentar
CHEERS
MUZ
Maimonides 17.11.2008 - 22:15
Eng Flucht an de Linnen, eng Flucht am Kontrast, eng Flucht an der Schaerft, an eng Flucht aus dem Schied. D Meedchen aus genau do wou et mi hell get.......
Neckel 17.11.2008 - 21:58
Hui dat doten ass eng Zeitreess smile Flott Téinung, gefällt mer gutt.

Eppes passt mer just net grad an dat ass dass d'Glenner net riischt an der Foto ass ? Hätt d'Foto op den eischten Poull vun lenks ajustéiert ....
elmuzo 18.11.2008 - 19:22
Merci Neckel ... dat Glänner ass net riit (souwéi näischt riit ass op eiser Welt (an ëmmer mannerbigsmile)) ... mee ech muss awer soen ... dat kéinnt een eventuell (gl)änneren wann dat dech stéiert ... mee bon ... mech stéiert et net esou vill.
Ech mierken awer dats de däin spatzen Bléck net verluer hues ... gudd ... flott dats de der och Zäit geholl hues sou genee ze kucken
CHEERS
MUZ
NikonD80 18.11.2008 - 09:01
gefällt mir, an das alles hei schons gesot gin......
elmuzo 18.11.2008 - 19:24
Merci villmols ... CHEERS MUZ
Nicon07 18.11.2008 - 12:51
Di Foto as dach just zeitlos klassesch a gudd, well de Personnage NET ganz scharf as. Dat ënnersträicht dach just d'Flucht no vir an d'Bewegung a Richtung HG. Wier d'Meedche scharf, da wier dat eng Brems, een Unhaltspunkt, dee fir méng Begrëffer méi géing stéieren wi gudd din. Mais dat as alt neess eng perséinléch Appréciatioun, déi muss a soll net jiddereen deelen...
elmuzo 18.11.2008 - 19:27
Merci ... ech kann deng perséinlech Appréciatoun absolut mat der deelen.
REGARDS 'n CHEERS
MUZ
Maimonides 18.11.2008 - 20:58
"Et voila": och eng vun deenen flottsten Diskussiounen....
Dat war derwaert.
elmuzo 19.11.2008 - 11:18
Absolut .... Merci
dentom 23.06.2010 - 10:58
Un der Foto kann ech mech einfach net sat kucken.
elmuzo 25.06.2010 - 12:34
Merci an Merci fir den Fav closed_eye
rom 09.07.2010 - 12:31
Hun déi hei lo just duerch Zoufall glécklecherweis entdeckt.

Grad doduerch dass hei näischt ganz riicht as, näischt ganz scharf as huet déi Foto do en immensen Charme deen sëcher bei jidferengem irgendeng Erënnerung opkomme léisst.

Bravo!

elmuzo 10.07.2010 - 01:36
Merci an Merci fir den Fav closed_eye
Gogo1964 26.09.2010 - 22:50
Schwaarz - Wäiss , quadratesch , nostalgesch ... bal almoudesch ... alles wat mer gefält. Du hues dat sou gutt no verschafft dat ee bal kéint mengen et wär analog.

Wierklech an am Eescht: Merci eis dëst Bild hei ze weisen.
elmuzo 30.09.2010 - 18:44
Ech soen der Merci Gogo an och Merci fir de Fav

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 407 Gäscht online