hun bei de Bearbeschtung vun deser Foto probeiert mei Kontrast erauszehuelen, wei ech virgeschloen kruet. Mir gefällt se emol. Wees ewer elo net op ech elo zevill Kontrasteiert hun oder net
De Sujet an d' Perspektiv gefaalen mir ganz gudd. Ech fannen awer dass du e bessen vill d' Schieter opgehellt hues, dat mecht eng zevill onnatierlech Luucht zumols um Plafong an un de Maueren.
also dei fannen ech richteg gudd...
just deng Dier, resp. dFenster an der Dier steiert mech hei en bessen, well neicht mei ze gesinn ass... alles vun der Luut weggefriess.... an villaicht nach eng grimmel mei kontrast, an en bessen mei schaerft...
Jo, schéin vum Kontrast hier. Vum Kadrage hier gefällt se och. Et geseit awer sou aus wéi wanns du mam Clarity-Regler am Lightroom e bessi iwerdriwen häss (oder een aaneren Filter am PS wéi Shadow/Highlight?). Ech wees awer och wéi schweier et ass fir sou Fotoen ze verschaffen well se nie richteg gudd ausgesin wann se onbearbescht sin. Du muss just nach deen gëllenen Mëttelwee fannen...
As schon gudd esou mat der Verarbeschtung. Wat s de nach kanns probéieren as méi lokal amplatz lokal ze schaffen. Daat heescht am HDR den Tone Mapping manner aggressiv uwenden, sou dass de en Bild kriss un deem et eigentlech e bëssen un Kontrast fehlt, an dann am Bildbearbeschtungs Programm mam Doge an Burn Tool schaffen.