Et ass schon immens, wéi séch an der Strooss ëmmer neess skurill Zoufäll ergi, fir eng Foto mat Geschichten erzielen ze maachen. Wann dee Mamm nei nit och ee Streifenpulli unhätt, wéi d'Conni um Plakat, da wier di Foto hei nëmmen hallef sou gutt.
Am Fong ass dat doten nom däitsche Recht nit wierklech erlabt. Do hun ech an enger Zeitung, op déi ech abonnéiert sin, scho vill Artikele gelies, wat een duerf a wat nit. D%u2019Panoramafräiheet gëllt hei nit, mais bon: wann een awer aktuell däitsch Streetphotographer kuckt, da loossen déi et och drop ukommen heiansdo.