Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Interior Plateau, BC Kanada

 
Interior Plateau, BC Kanada
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.09.2023
  • Gekuckt:
    4019
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    2
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1800x1200
  • Späicherplaz:
    969 KB
  • Originaldatum:
    2023:08:09 22:12:25
  • Fotoapparat:
    Canon EOS R5
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92754]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Photo vun enger Landschaft … ze gesinn ass:

Den „Interior Plateau“, eng 900km ausgedehnten Héichebene an der Mëtt vun der Provinz British Columbia. Lenks dovun befannen sëch Coast Mountains die nördlech bis Alaska an südlech bis den Bundesstaat Washington gin, lenks dovun dann déi kanadech Rockies. D’Klima an dëser Region kann ganz géigensätzlech sin. An den Déiflagen sin am Summer 40°C meiglech allerdengs kann ët bis an den Juli Nuechtfrascht gin.

Wann een ë bessi méi genau kuckt, geséit een just déi aaner Seit vum Thompson River d’Zuchlinn vun der Canadian National Railway. D’Agrikultur huet sëch bei Edmonton an den wéiten Prairielandschaften séier ëntweckelt, dowéinst hun d’Responsable vun dër Canadian Northern Pacific Railway em 1910 decidéiert Edmonton mam Westen, Vancouver, zë verbannen. Dëst war eng tollkühn Aktioun well si duerch d’kanadesch Rockies hun missen bauen. Zwou Equipen hun sëch gléichzeiteg op den Wee gemaacht, eng vun Port Mann (Vancouver) an eng vun Edmonton. 1915 sin déi zwou Equipen zesummenkomm. Op dëser Plaatz ass „the last spike“ vun der CNPR gesaat gin. Beim Zuch deen een hei geséit hun mier iwer 160 Wagon’en gezielt, dovun drei Lokomotiven, eng fier, eng am leschten Drettel an eng hannen. Nët zë gesin ass dass dës Séit vum Thompson River nach eng Zuchstreck léit. Déi geet vun Edmonton op Prince Rupert, 400 km nördlech vun Vancouver. Si huet der Grand Trunk Pacific Railway gehéiert. Béid Zuchkompanien hun an där Zeit em d’Muecht gekämpft. Si sin awer allen zwou Opfer vum 1. Weltkrich gin. D’Préisser vum Stohl an Holz sin därmoossen an d’Luut gaangen esou dass se allebéid an d’Faillite geroden sin. Canadian National Railway huet die béid iwwerholl.

Ganz lenks um Rand geséit een den Trans Canada Highway, des Strooss ass mat ronn 7800km die sechst längst vun der Welt. Sie geet duerch 9 vun 10 kanadesch Provinzen an verbend esou den Pazifik mam Atlantik. 1949 gouf mam Bau vum Highway ugefaangen. Hei sin bestehend Stroossen ausgebaut an mateneen verbonnen gin. 1962 ass se offiziel agweiht gin an 1970 war se dun schlussendlech och färdeg gebaut. Den Deel vun Vancouver bis Calgary ass eng Panoramastrooss (herrlech), dono get se 4-spuereg.
theom 04.09.2023 - 20:32
Wann een drop klickt....ganz grouse Kino.Merci vir d'explicationen, ganz interessant.
tormi 04.09.2023 - 21:49
merci, freet mech wann se gefällt

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 533 Gäscht online