1. Hues du hei vill gecropt? Mir kënnt et vir, wéi wann d'Nilgäns e bësse vill rauscht vir 500 Iso. Ech hu jo och eng Z7 a weess deemno, wéi d'Rauschverhale vun där Cam ass. Oder wierkt et just sou, well d'Blend 20 jo am Fong schon neess Diffraktiounsonschärft verursaacht?
2. Wat fir een Objektiv hues du dann do wann déng EXIFs 700mm Brennwäit ugin? Ee 600mm mat 1,4 Konverter?
Merci Nicon07 fir deng Analyse .Jo , ech hun se en bësse gecropt an du hues Recht et as effektiv en bëssen Rauschen dran well ech hun spontan mit enger grousser Vitesse geknipst.
Op der Z7 hat ech den Tele 500mm F5,6 plus den Konverter 1,4 alles vun Nicon.
Ech hun et opgi, mat Konverter ze schaffen. Eemol, well doduerch 1-2 Blende verluer gin an zweetens, well et dach Aboussen an der Quali gëtt. Dofir maachen ech mäi Supertele léiwer op d D500 mam DX-Sensor. Am Fong, kéins du jo op der Z7 och just een Deel vum Sensor benotzen, do ass jo awer nach genuch Opléisung dran, well de volle Sensor jo 45 Mpx huet. Dann häss du nach méi wéi genuch Reserve fir eng Foto, suguer wanns du wéils een DIN-A4 Print dovunner maachen.
Villmols merci fir deinTip.Ech hun den Aparat op Dx gestallt an den Konverter op d%u2018Seit gemach an mat en pure Fotoen probeiert. An dat Resultat war mei ewei positiv.
Tiptop! Wann een een décke Vollformat-Capteur huet, da kann ee roueg op DX astelle, well dann huet een nach méi wi genuch Pixelen. Bei de Capteurs vu fréier mat 24mpx, do war d'DX Astellung nit unzeroden.
Et freet méch, wanns du sou besser Resultater kriss.
Ech fannen d'Photo och ganz aussergewéinlech, mais ech sin och der Meenung, dass déi Blend 20 ! der Photo net gutt gedon huet.
Quite dass eng méi grouss Blend hätt kennen en Problem mat der Schärft gin, sou hätt sie menger Meenung no awer dem Bild an der Schärft en Vierdeel bruecht (Du hätts dann nach vill méi eng schnell Zeit kennen benotzen waat trotzdem déi Drepsen an d'Waaser net negativ beaflosst hätt).