Am Fong wollt ech jo dat heite Motiv analog mat engem Infrarout-Film op Mëttelformat fotograféiere, mais 1. ass den Ilford SFX kee richtegen IR-Film an 2. kritt een elo mat deem diire Gras souwisou kee Wood-Effekt méi. Mais lo grad krut ech ee Pak mat engem Rollei Infrared MF-Film geliwwert. Deemno: Ech passéieren där Deeg een nach eemol zu Haastert.
Flott Kontraster, et mengt een baal se wier en bëssi am LR gepimpt ginn. Ech ginn awer mol dovun aus dass daat hei net de Fall ass.
Wann's de dann nach emol dohinner gees géing ech proposéieren dass du en Schratt méi wäit no rechts gees, dann ass d'Kierch méi vun der Heck getrennt an den Baam rechts as net méi drop.
Och dir zweemol Merci gesot, Mike! Fir de Kommentar an de Favorit.
Genee, et ass keen IR. D'Impressioun entsteet, well den Himmel zimmléch däischter gro Wolleke parat hat a well d'Wiss giel diir war. Et ass also kee Wood-Effekt.
Ech wärt mir däin Tipp zu Häerz huelen a kucke, fir dee Strauch rechts nit mat an d'Bild ze huele, wann ech nach eemol dohinner fueren.
Ups! Lo gesin ech jo réischt, datts du LR an nit IR geschriwwen hues. Sorry!
Wat LR betrëfft, do hues du nit ganz onrecht. Si ass liicht am LR "gepimpt", d.h. e bësse méi wäiss rop an ee bësse méi schwarz rof. Mais dat maachen ech awer bei all méngen analoge Fotoen. Schliessléch gëtt et och do, genee wéi bei digital, keng "neutral" Resultater. Et fänkt scho mam Scannen u, wou ech am SilverFast jo vun Ufank u scho virum Scan d'Kurven an den Histogramm upassen. Deemno ass de Scan scho manipuléiert. An ob ech dee Film am Ilfosol3 oder am Adonal oder soss engem Entwéckler entwéckele mécht och schon een Ennerscheed. Ech hun hei den Ilford-Entwéckler gewielt, well de Kentmere-Film, genee, wéi den Ilford. och ee Produkt vun Harman-Technologies ass an den Rodinal an dësem Fall vill méi scharfe grain provozéiert hätt.
Iwwregens ass et jo dat selwécht beim Tirage op Pabeier. Do hängt et jo och vun der Beliichtung a vum "Wedelen" an Ofdecken of, wéi d'Resultat gëtt.